
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 81 positiv geteste Patienten zënter e Mëttwoch. Vun den 3.115 Persoune sinn 2.594 Residenten a 521 Non-Residenten.
Zënter e Mëttwoch ass d'Zuel vun den Doudesaffer zu Lëtzebuerg ëm 6 Persoune geklommen a läit elo bei 52 Leit. D'Altersmediane läit bei 87 Joer.
Zanter dem Ufank vun der Kris goufe 27.521 Tester gemaach. Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg goufen 948 Tester duerchgefouert.
Am Moment leien 220 Persounen, déi infizéiert goufen, am Spidol, dovunner 30 op der Intensivstatioun. 374 Persoune konnten d'Spidol bis ewell nees verloossen.
