
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell sinn 21 Persounen hospitaliséiert, dovunner dräi Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.288.349 Impfdosisse genotzt.
D’Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 6,15 Prozent. Vun 359 PCR-Tester waren der e Sonndeg 22 positiv. E Samschdeg goufen 391 Persoune positiv getest an e Freideg waren et der 428.