
Tëscht 18 an 22.30 Auer goufen d'Chaufferen zu Ëlwen, zu Wäiswampech an zu Klierf kontrolléiert. Tëscht 23.15 a 3.30 Auer dunn am Eecher Bierg, an der Lonkecher Strooss an zu Hesper an der Diddenuewener Strooss.
Am Ganzen hunn 848 Automobiliste misste blosen.
Den Test war an 9 Fäll positiv. D'Beamten hunn dräi Führerschäiner op der Plaz agezunn.