
Dat geet aus enger Etüd vum europäesche Statistiksbüro Eurostat ervir.
D’Etüd weist och, dass den Aarmutsrisiko vu Pensionären an Europa déi lescht Joren ëmmer weider geklommen ass. D’Moyenne louch 2017 bei 14,2 Prozent.
Dee gréisste Risiko an d’Aarmut ofzerutsche besteet Eurostat no an Estland mat ganzer 46 Prozent. Allgemeng läit de Risk fir Fraen 2 bis 3 Prozentpunkte méi héich wéi fir Männer.