CGDIS9,5 Milliounen Euro un Indemnitéite fir Fräiwëlleger ausbezuelt

RTL Lëtzebuerg
Bezuelunge vun de Fräiwëllege krute Retard an déi lescht goufen den 31. Mäerz ausbezuelt.
© Domingos Oliveira

Zanter dem 1. Juli 2018 gëtt et de CGDIS, deen jo all d'Hëllefsdéngschter am Land, also Secouristen a Pompjeeën ënnert engem Etablissement Public federéiert. Ma et goufe vun deem Datum bis zejoert am Juli och Nobezuelunge fir d'Leit vum CGDIS, déi Retarde kruten.

Dës Situatioun gouf awer vun der zoustänneger Ministesch Taina Bofferding berengegt. Op den 31. Mäerz wieren all Indemnitéite fir déi benevole Pompjeeën ausbezuelt ginn.

Dëst mécht en Total vun ëmmerhin 9,5 Milliounen aus, woubäi deen allerhéchsten Deel vun den Indemnitéiten, ronn 8,1 Milliounen, fir zejoert fir Permanencen a Gardë bezuelt goufen. Fir fräiwëlleg Instruktere goufen zejoert zum Beispill eng 580.000 Euro un Entschiedegunge bezuelt.

Dës Chifferen nennt d'Inneministesch op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum Marc Goergen vun de Piraten. Wéi d'Taina Bofferding preziséiert, kréien d'Pompjeeë fir eng Permanence vun Doheem aus 1 Euro d'Stonn, wann d'Leit an der Kasär sinn, sinn et 10 Euro.

PDF: Déi parlamentaresch Fro mat der Äntwert

Back to Top
CIM LOGO