Police-Bulletin9 Führerschäiner bannent 7 Stonnen agezunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, hate se vun e Freideg op e Samschdeg nawell vill ze dinn. Direkt 9 Führerschäiner goufen uechter d'Land agezunn.
© Romain Hankes

Nieft zwee Automobilisten op der A6 respektiv op der A3, déi duerch hiert Fuerverhalen opfälleg gi sinn, a bei der Kontroll en ze héijen Alkoholpeegel opweises haten, goufen et nach gréisser Kontrollen zu Bidscht, Heischent an Ettelbréck. Hei goufen alles an allem 229 Alkoholkontrolle gemaach, vun deenen der 12 positiv ausgefall sinn. A 4 Fäll war de Peegel sou héich, dass d'Automobilisten de Führerschäin hu mussen ofginn.

Een Automobilist war um Samschdeg de Moie fréi beim Glacis opgefall. Eng Policepatrull war grad op der Plaz well en accidentéierten Auto huet mussen ofgeschleeft ginn. Eng onbedeelegt Persoun ass nawell zimmlech alkoholiséiert duerch d'Géigend getierkelt an huet probéiert huet en Auto opzespären, deen net hire war. D'Persoun huet doropshin en Taxi geruff. Kuerz Zäit drop ass de selwechte Mann awer mat sengem Auto iwwert de Parking gefuer... wuel nodeems en säi eegenen Auto dann awer fonnt hat. Well d'Polizisten de Mann erëmerkannt haten, hu se en gestoppt an eng Alkoholkontroll gemaach. De Mann gouf mat op de Büro geholl fir e weideren Test ze maachen, wou deen dunn awer aggressiv ginn ass an d'Beamte beleidegt e bedreet huet. Schlussendlech ass de Mann dogehale ginn a gouf ënner Arrest gestallt.

Op der A6 op der Héicht Bartreng war e Freideg den Owend géint 23 Auer en Automobilist engem aneren hannen drop gerannt. De schëllege Chauffeur hat gedronk. E Fuerverbuet gouf ordonnéiert.

Kuerz no 1 gouf et en Accident zu Leideleng. Och hei war en Auto engem aneren hannendrop gerannt. Béid Gefierer goufen an eng Wiss geschleidert an hu just nach Schrottwäert. De schëllege Chauffeur hat ze vill Alkohol intus. Säi Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO