
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg sinn 5 weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 903.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 921 positiv Fäll bei 11.860 Tester. E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 32,01 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 11,90 op 100.000.
Den Ament sinn 71 Persounen hospitaliséiert, dovunner 18 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.013.421 Impf-Dosisse genotzt, 439.914 Leit gëllen als komplett geimpft.
Aktuell ginn et 5.413 aktiv Infektiounen, 90.713 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.