Assurance-Accident93 Prozent vun Entreprisë kënne vu Bonus-Malus profitéieren

RTL Lëtzebuerg
Ronn 70.500 Firme bezuelen an d'Assurance-Accident an.
© Shutterstock

An do gëtt et fir 93 Prozent vun dëse Cotisanten eng gutt Nouvelle, wëll si vun engem Bonus vun 10% kënne profitéieren.

Dëse System vu Bonus-Malus fonctionnéiert vum 1. Januar dëst Joer un an ass geduecht, fir déi Firmen ze belounen, déi e séchert Aarbechtsëmfeld bidden an duerfir de Cotisatiouns-Taux manner héich berechent kréien. D'Zil ass de "zéro accident".

Duerch den neie System ginn awer och Firme bestrooft a mussen en Taux bezuelen, dee bis zu 50% méi héich ausfält. Dës Penaliséierung gëllt awer nëmmen fir 2,5% vun de ronn 71.000 Firmen, déi an d'Assurance-Accident abezuelen.

Dës Chiffere liwwert de Sozialminister Romain Schneider sengem Parteikolleg Mars Di Bartolomeo op eng entspriechend parlamentaresch Fro.

Zanter datt d'Reform vun der Assurance-Accident 2010 spillt, ass den Taux de Cotisation Unique progressiv vun 1,15 op 0,80 Prozent dëst Joer erofgaangen.

Back to Top
CIM LOGO