
93% vun der Populatioun hei am Land kommen aus engem vun den 28-EU-Länner. D'Lëtzebuerger dominéiere mat iwwer 52% vun de 613.894 Awunner, déi et op den 1. Januar hei am Land gouf.
D'Portugise si mat iwwer 15% an iwwer 95.500 Persounen déi gréissten auslännesch europäesch Communautéit, heescht et vum Statec. D'Zuele goufen elo am Kader vum Europadag, den 9. Mee, verëffentlecht.
No de Portugise kommen d'Fransousen, déi 7,6% vun der Populatioun ausmaachen, d'Italiener 3,7%, d'Belsch 3,3 an déi Däitsch 2,1%.
Zanter 2014 kommen iwwregens méi Fransousen an d'Land wéi Portugisen.