
Wat vill Leit net wëssen, zu Lëtzebuerg gëtt et elo och eng Äishockey-Liga fir Dammen. Et ass allerdéngs eng éischter kleng Liga, well et si just zwou Ekippen am deem Championnat ageschriwwen. Et sinn dat d’Beaufort Knights Girls (All Ages F) an d’Tornado Women (Senior F). Deementspriechend kuerz ass och d’Championnat.
Et goufen zwee Matcher gespillt.
Um 1. Spilldag, den 19. Januar 2026, konnten d’Knights Girls sech mat 7:3 géint d’Tornado Women behaapten.
Den 2. Spilldag war dann e Méindeg den 9. Mäerz. Hei waren et d’Tornado Women, déi d’Uewerhand behalen hunn, an um Enn mat 5:3 gewonnen hunn. Deemno stoung et no 1:1 an de Matcher.
D’Decisioun iwwert de Championstitel ass iwwert d’Golverhältnis gefall, an do hu sech um Enn d’Knights Girls duerchgesat. Si hunn an den zwee Matcher zwee Goler méi geschoss a konnten deemno um Méindeg den Owend den éischte Championstitel feieren, deen et jee am Dammen-Äishockey zu Lëtzebuerg ginn ass.