An der StadA Buttek geklaut an dono vun der Police festgeholl
Wéi d'Police mellt, gouf en Dënschdeg am Nomëtteg e Brigang vun engem Sécherheetsbeamten an engem Buttek an der Groussgaass beim Klauen erwëscht.
Den Onéierleche gouf festgehale bis d’Police op der Plaz war. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum schonn e Mëttwoch de Moien virun de Untersuchungsriichter.