„Ech hunn e ganz gutt Gefill, dass eis Fuerderunge bei der neier Regierung net op daf Ouere stoussen.“
Dat sot d’Presidentin vum Planning familial um Mëttwoch de Moien, als eis Invitée vun der Redaktioun.
Fir d’Ainhoa Achutegui wier et kruzial, dass d’TVA op Hygiensproduite fir d’Fra op den Taux réduit fixéiert gëtt. Bei eisen Noperen a Frankräich oder der Belsch wier dat haut schonns de Fall.
Och beim Remboursement vun der Contraceptioun, misst nach eemol nogebessert ginn.
Beispillsweis kéint een net verstoen, firwat den Implant bis ewell nach ëmmer net iwwerholl gëtt.
Och den Alter bis wéini Contraceptiounsmëttelen iwwerholl ginn, dierft net op 30 Joer begrenzt ginn, mä sollt méi laang lafen.
Fir d’Ainhoa Achutegui ass et awer och kloer, dass sech a Saache sexueller Educatioun bei de Jonken eppes misst doen.
Kanner kéimen ëmmer mi dacks, méi jonk mat pornografeschem Material um Internet a Kontakt. Dofir wier et wichteg, deem och an de Schoule Rechnung ze droen, iwwert en appropriéierte Sexual-Kunde-Unterrecht, dee jee no Alter vun de Jonke sollt ugepasst ginn.
De Problem wier haut awer, dass d’Enseignanten do dacks iwwerfuerdert wieren.
E Mëttwoch de Moie war d'Ainhoa Achutegui eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.