No 10 Deeg huet et déi lescht Nuecht nees fir d'éischte Kéier gereent an dat och nach net wierklech vill. Kee Wonner, wa bei deene Wieder-Konditiounen den Niveau vum Grondwaasser zimlech déif ass a verschidde Gemengen Alerten erausginn, fir spuersam mam Waasser ëmzegoen.
2.600 Awunner zielt d'Ärenzdallgemeng. Zanter leschte Freideg gëlle verschidde Restriktioune fir d'Awunner. Virun allem vun Iermsdref an Eppelduerf. Ënnert anerem ass et wärend enger Phase Orange verbueden, Autoen ze wäschen, Basenge mat Waasser opzefëllen oder d'Wiss ze netzen. An deem Fall ass zum Beispill d'Ärenzdallgemeng. De Buergermeeschter André Kirschten huet erkläert, dass de Verbrauch vum Waasser déi leschten Deeg ze héich gewiescht wier. D'Leitunge kéinten der Nofro net méi no kommen, well et och Problemer mam Baseng gouf.
Fir de Problem vum Waassermanktem an de Greff ze kréien, si se zu Iermsdref iwwer de Weekend an d'Nopeschgemenge Waasser zape gaangen.
Lëtzebuerg wiisst ekonomesch, domadder klëmmt och d'Unzuel vun der Populatioun. Wichteg ass et, d'Grondwaasser ze schützen an nei Ressourcen ze erschléissen, d'Musel kéint do eng Méiglechkeet sinn. Hei lafen aktuell Etüden.
Zu Waldbëlleg gouf de Verbuet, fir ënnert anerem d'Wisen ze netzen oder Autoen ze wäschen e Méindeg opgehuewen. En Dënschdeg kéint dat och fir d'Ärenzdallgemeng gëllen.