RéckruffA verschiddenen Zorte Cookies kéinte Metallstécker sinn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Veterinär- an d'Liewensmëtteladministratioun matdeelen, si véier Marke vu Cookies betraff.
© AFP (Archiv)

Et handelt sech ëm d’Triple Chocolate Cookies vun der Mark Rewe an der Verpackung vun 200 Gramm, mam Mindesthaltbarkeetsdatum vum 06.12.2024 a mam Lot L2334103.

Méiglech Metallstécker kéinten och an de Cookies au chocolat au lait double vun der Mark Trader Joe’s an der Verpackung vun 200 Gramm, mam Mindesthaltbarkeetsdatum vum 14.12.2024, dem Lot 2334909 an dem Code barre 27025802. Se goufen tëscht dem 20.12.2023 an dem 16.2.2024 verkaaft.

Betraff sinn dann och d’Cookies Chocolate vun der Mark Boni an der Verpackung 225 Gramm, mam Mindesthaltsbarkeetsdatum 13.9.2024 a mam Lot 2334903. Verkaaf goufe se tëscht dem 28.12.2023 an dem 16.2.2024.

An da sinn och nach d’Chocolate Chip Cookies vun der Mark Hema an dem Mindesthaltsbarkeetsdatum 12.9.2024 concernéiert.

Déi verschidde Produite goufen op méi Plazen am Land verkaaft.

Wann een d’Stécker aus Metall consomméiert, besteet de Risk vum Erstécken a vun ënnerleche Blessuren.

Back to Top
CIM LOGO