Viru Geriicht wéinst Verstouss géint Dateschutzgesetz

© RTL Archivbild
Wéinst Infraktioun zum Gesetz iwwert den Dateschutz steet zanter e Mëttwoch de 50 Joer alen Directeur adjoint vum Schraasseger Prisong virun de Riichter.
Him gëtt virgeworf, am Dezember 2015 engem Informatiker vum CPL den Optrag ginn ze hunn, eng Lëscht opzestelle vun all den Telefonen, déi d'Magistratin, déi um Parquet général fir d'Exécution des peines zoustänneg ass, an e Mataarbechter vun hir erakruten an déi vun do aus fortgoungen.
E Mëttwoch gouf vill doriwwer diskutéiert, ob de betraffenen Informatiker eben e formellen Optrag krut oder ob den Ugekloten nëmmen no der technescher Méiglechkeet dofir gefrot huet. Well et, wéi hie sot, ëmmerhin ëm bis zu ee Joer Prisong fir säi Client geet, huet de Me Albert Rodesch, Affekot vum Beschëllegten, dësen Informatiker an de Chef vum Service informatique vum Prisong dozou gelächert. Béid Männer waren allerdéngs formell: Si hunn dat als Optrag opgefaasst an net als Nofro, ob et technesch ze maache wär. Vum Zäitraum tëscht Mëtt September a Mëtt Dezember 2015 wollt den Ugekloten dës Donnéeën hunn, déi en um Enn och iwwer E-mail matgedeelt krut.
De Beschëllegten an d'Magistratin koumen e Mëttwoch iwwregens net zu Wuert an doriwwer, wéi d'Auditioun vun der Fra oflafe sollt, gouf et och Meenungsdivergenzen. De Me Rodesch war der Opfaassung, dat kéint ënner Eed geschéien, eng Vue, déi awer weder d'Riichter, nach de Vertrieder vum Parquet général gedeelt hunn. Den Affekot huet doropshin en Tëschenuerteel heizou gefuerdert, dat gëtt dann en Donneschdeg gesprach.
Iwwert d'Detailer an d'Hannergrënn vun der Affär gouf et e Mëttwoch nach keng ofschléissend Kloerheet, ausser dass et tëscht der Direktioun vum Prisong an dem Parquet général Differenze gouf. Erwisen ass dogéint, wéi d'Affär erauskoum, an zwar well de Chef vum Service informatique d'Magistratin iwwert déi vum Ugekloten ugefrote Lëscht an d'Bild gesat hat.
Dëse Prozess dierft e Freideg de Mëtten op en Enn kommen.