Fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, muss ee jo och lëtzebuergesch Coursë matmaachen. Wéi déi oflafen, war sech de Christophe Hochard ukucken.

D'Lëtzebuerger Sprooch muss an de Schoulen an an der Aarbechtswelt déi éischt Sprooch am Land bleiwen - doriwwer si sech déi politesch Parteien an dësem Waljoer eens. Ëmmer méi Leit wëllen och eis Sprooch léien ...

Iwwer 20 Leit hunn zum Beispill un dësem Lëtzebuergesch-Cours déi leschte Wochen deelgeholl. Dëst si Persounen, déi mëttlerweil zanter wéinstens 20 Joer hei bei eis am Land liewen an déi Lëtzebuerger Nationalitéit ufroe wëllen. Wärend zwou Wochen all Keier vu 17 bis 19 Auer hate si Cours zu Walfer.

Italiener, Belsch, Fransousen, Bosnier, et war e ganz multi-kulturelle Grupp, dee sech fir d'Lëtzebuerger Sprooch interesséiert huet.

RTL

Léif Useren, haalt Iech w.e.g. un d'Netikett a verzicht w.e.g. op onzoulässeg Verallgemengerungen oder onbewise Behaaptungen, op auslännerfeindlech, rassistesch oder soss diskriminéierend Beiträg an och op populistesch, domm oder frech Kommentaren. Merci!