Al Héichspannungsleitung tëscht Aubange an dem Belval gëtt ofgebaut
© Photo by PATRICK PLEUL / DPA-ZENTRALBILD / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
Déi al Héichspannungsleitung tëscht dem belschen Aubange an dem Belval hei zu Lëtzebuerg gëtt ofgebaut. D'Aarbechten dofir sollen e Mëttwoch ufänken.
An enger éischter Phas soll gekuckt ginn, datt d'Aarbechter iwwerhaapt bei déi respektiv Maste bäikommen. D'Kabele selwer wäerten dann iwwert déi nächst véier Méint erofgeholl ginn.
Duerno ginn dann d'Pylonen ofgerappt an d'Terrainen erëm a Stand gesat. Deemno sollen d'Aarbechten alles an allem 9 Méint daueren, heescht et op RTBF. Doduerch soll de belsche Stroumreseau verbessert ginn.
Dës Héichspannungsleitung gëtt et zanter 1962 ma funktionéiert zanter e puer Joer schonn net méi.