De Luc Frieden - "eisen onageschränkte Leader"
E Méindeg de Moie war d'Weltklimakonferenz COP30 Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Gouf eng Regierungsëmbildung beschwat? "Nee", esou de Serge Wilmes e Méindeg de Moien hei op RTL. Den Ëmweltminister huet vu "Spekulatioune" geschwat an eng Rei Aussoen an engem Artikel vun der Wochenzeitung d’Land an am Presseclub als "gewoten Duerstellung" beschriwwen. D’Land hat geschriwwen: De CEO (de Premier Luc Frieden) ass midd. Säin Aarbechtsminister (Georges Mischo), mee och seng Gesondheetsministerin (Martine Deprez) um Schleidersëtz a de Finanzminister Gilles Roth "en embuscade", also op der Lauer fir 2028.
De Serge Wilmes sot an der CSV-DP-Koalitioun wier eng "ganz gutt Stëmmung", "eng ganz gutt mënschlech Zesummenaarbecht" an e respektvollen Ëmgank mateneen.
"Wat och ganz kloer ass, mir hunn an der CSV e Parteipresident, deen heescht Luc Frieden. Mir hunn e Staatsminister, Premierminister, deen heescht Luc Frieden. Et ass eisen onageschränkte Leader". De Serge Wilmes sot, et géing een déi nächst dräi Joer op hie bauen, da Bilan zéien a kucken eng Verlängerung ze kréien, fir déi fënnef Joer drop.
Rouege Kapp a Respekt
De Serge Wilmes sot, säi Regierungs- a Parteikolleeg Georges Mischo, dee vun der Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB an engem Bréif als Feelbesetzung beschriwwe gouf, hätt a senger Reaktioun op de Bréif Gréisst gewisen. Et wier "ganz rar", datt e Politiker Feeler zougëtt.
Et misst een elo no vir kucken, fir op "grousse Projete" virun ze schaffen. E rouege Kapp behalen a Respekt weisen, fir mat de Gewerkschaften am Dialog ze bleiwen.
COP30: méi kleng wier besser
Den Ëmweltminister reest haut aacht Deeg op d’COP30, d’Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilien. De Serge Wilmes sot, hie kéint d’Kritik un der Veranstaltung verstoen, well 50.000 Leit dohinner ginn. Hien hätt dem Generalsekretär vun der Konferenz am Juni dëse Message matgedeelt: "vläicht méi kleng ass besser".
Lëtzebuerg géing net als Lëtzebuerg, mee als Member vun der europäescher Delegatioun op d’COP goen. Et wier awer d’Geleeënheet, fir mat Partner konkret Projeten ze finanzéieren, ewéi "Opforstung" oder "Küsteschutz" oder nach Entwécklungslänner bei hirer Transitioun z’ënnerstëtzen.
Trotz Flexibiliséierung e Wee, deen ee muss plangen
D’EU-Memberstaate si sech ënnerteneen eens ginn, fir d’Emissiounsziler bei Minus 90% bis 2040 par rapport zu 1990 festzeleeën, mat awer Flexibilitéiten. Dat Zil wier wichteg, well et wier "e Wee, deen ee muss plangen", esou den Ëmweltminister. Et bräicht ee Kloerheet an eng Linn.
Et wier zwar e Kompromëss, huet de Serge Wilmes zouginn, mee et kéint ee mat deem Kompromëss vu China, vun Indien, jo esouguer vun den USA "verlaangen" oder "d’Signal ginn", datt déi Länner och méi Efforte maachen. D’USA sinn nämlech mat Vertrieder vu Bundesstaaten a Groussstied op der COP30.
Lëtzebuerg mat sengem Wuesstemsmodell "on track"
Lëtzebuerg wier och no der Covid-Pandemie an dem Energie- an Inflatiounschock vun 2022 bei sengen Emissiounsziler weider "on track", huet den Ëmweltminister ënnerstrach. Dat si bis 2030 minus 55% par rapport zu 2005. Stand haut wier ee bei Minus 33% an et hätt een nach fënnef Joer Zäit.
Geet d’Equatioun da weider op, wann d’CSV-DP d’Finanzplaz an d’Kafkraaft weider wëlle stäerken? "Dat ass de grousse Prinzip, deen dës Regierung probéiert, am Aen ze behalen", sou de Serge Wilmes. Den Invest an erneierbar Energie wier de Wee, fir weider kënnen ze produzéieren zum Beispill. Et géing drëm goen, Räichtum op eng propper Aart a Weis ze produzéieren.
Dat misst ee begleede mat einfache Prozeduren, mee och mat Subsiden a Projeten an d’Innovatioun. Den Ëmweltminister sot, d’Klima- an Ëmweltpolitik "ass e Wuesstemsmodell".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.