De Schüler d'Angscht virum Franséischen huelen
© Pol Arlé
"Salut, c'est parti!" heescht dat neit Franséischbuch, mat deem vun der Rentrée 2018-2019 un am Cycle 2 vum Fondamental geschafft gëtt.
D'Buch ass d'Häerzstéck vun der neier Approche, mat där an Zukunft déi franséisch Sprooch enseignéiert soll ginn. De Schüler soll mat Musek, Gedichter, Interaktiounen a mat Beweegung d'Angscht virum Franséische geholl ginn.
Den Directeur adjoint vum Script, Christian Lamy, betount, datt et virun allem drëm geet, de Kanner en Zougang zur Sprooch ze ginn, dee räich ass a Spaass mécht, an och den Enseignant soll Loscht hunn, déi Sprooch mat deem neie Material ze enseignéieren.
D'Buch soll och dobäi hëllefen, datt d'Kanner déi franséisch Sprooch a flotte Situatiounen entdecke kënnen: bei engem Ausfluch, an der Konscht, an der Musek, do kéint een d'Sprooch spontan aflechten.
Ausserdeem sollt ee si an Häppercher, a klengen Dosissen ënnerriichten amplaz eng ganz Stonn intensiv Franséisch ze maachen.
Am Cycle 2, also dem 1. an 2. Schouljoer, soll d'Sprooch fir d'éischt exploréiert ginn. Geschriwwe gëtt eréischt am 3. Cycle.
A Kombinatioun mam Buch fir d'Schüler gëtt et e pädagogesche Guide fir d'Léierpersonal, esou ewéi och eng Internetsäit mam ganze Material: www.efrancais.lu.
Ewéi all d'Schoulbicher ass och "Salut, c'est parti!" gratis.











