D'DP setzt an hirem Programm op d'Lëtzebuerger Sprooch, där misst et weider gutt goen. Et soll z.B. méi a Lëtzebuergesch-Coursen investéiert ginn.

"Zukunft op Lëtzebuergesch... mat der Méisproochegkeet". Esou huet d'DP de Volet "Identitéit a Kultur" vun hirem Walprogramm en Donneschdeg de Moie virgestallt. Si wëlle sech weider fir den 20-Joresplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch staark maachen.

AUDIO: DP an hir Zukunft op Lëtzebuergesch - Rep. Anne-Sophie Heck

De Spëtzekandidat fir de Süden, de Claude Meisch, sot, dass méi lëtzebuergesch Sproochecourse solle finanzéiert ginn. D'Lëtzebuergesch am Alldag wier am Gesondheetssecteur beispillsweis wichteg, well een do einfach wéilt verstane ginn an och selwer wëll verstoen, wat engem gesot gëtt. Eng Prioritéit vun der DP wier et, dem Personal an deem Secteur méi Coursen unzebidden. All Spidol soll awer och esou eppes wéi en Iwwersetzer kréien, deen als Mediateur soll fungéieren.

AUDIO: De Claude Meisch iwwert d'Lëtzebuergescht am Spidol

Da sollen a Privatschoulen obligatoresch Lëtzebuergesch-Coursen ugebuede ginn, fir Subventioune vum Staat ze kréien. D'Lëtzebuergesch soll och fit fir d'Digitalisatioun gemaach ginn a Sprooch-Programmer, wéi zum Beispill de Siri op Apple, sollen op Lëtzebuergesch erauskommen. Da soll och de kulturelle Patrimoine méi valoriséiert ginn. Ënnert anerem duerch ee "Lëtzebuerg-Haus".

AUDIO: De Claude Meisch iwwert d'„Lëtzebuerg-Haus“

D'Aufgab vu sou engem Haus, esou den DP-Spëtzekandidat, wier et, eis Identitéit ze dokumentéieren, no bannen an no baussen ze weisen, wie mer sinn a wéi mir eis selwer gesinn, also eng Plaz, wou ee Lëtzebuerg mat all senge Facetten erliewe kann.

Wéi genee dat ausgesi soll, ass nach net kloer. D'DP gesäit et net als Musée, ma als eng Zort Forum. Vill Iddien also, fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, ma dobäi dierf een d'Méisproochegkeet net vergiessen, sou nach de Claude Meisch. Wéi déi soll gefërdert ginn, gouf net presentéiert.

RTL