Am Dezember hat den deemolege Partei-President Marc Spautz d'Defaite vun der CSV bei de Walen analyséiert. Feeler gesäit hie vill ... bei deenen aneren.

Si ware sech ze sécher, si ware keng Ekipp, d'Wort huet hinnen net gehollef. Dat sinn e puer Thesen, déi de fréieren CSV-President Marc Spautz iwwer d'Ursaache mécht, déi d'CSV 2018 erëm an d'Oppositioun geschéckt hunn.

Den Nico Graf huet dem Marc Spautz seng Iwwerleeunge gelies.

AUDIO: CSV-Walanalys vum Marc Spautz: Rep. Nico Graf

"Reflexioune betreffend d'Wahlanalys" nennt de Marc Spautz säi Papier. Et si 7 Säiten an et muss ee se situéieren. Geschriwwe si se ginn am Dezember 2018. Dat heescht, datt hei e Parteipresident nodenkt iwwer eppes, wat als Suite de Récktrëtt hat vum Generalsekretär a vum Fraktiouns-Chef – dee Spëtzekandidat war. An och deen, deen nodenkt, weess, datt e geschwënn net méi Parteipresident ass.

Apropos: Opfält an dësem Dokument, datt de Marc Spautz sech keng eenzeg Kéier mat der eegener Nues hëlt an e Feeler benennt, deen hien, de President, gemaach hätt. All déi aner - Kommunikatiounsberoder, Agence, Spëtzekandidat, d'Partei - all hätte se Feeler gemaach. Virop de Feeler, Joren a Méint am Viraus ze sécher gewiescht ze sinn, déi 2018er Walen haut-la-main ze gewannen. Iwwersteigerten Optimismus, falscht Sécherheetsgefill nennt de Marc Spautz dat. An da potert hien e bëssen aus dem Banneliewen vun der Partei: Den Impakt vun der falscher Sécherheet hätt sech op e pur Niveaue gewisen:

- Claude séchere Premier,
- op d'Verhale vun eenzele Kandidaten, fir sécher Regierungsposten (a verschiddene Gemenge goufen am Summer schonns Schäfferéit nom Oktober decidéiert),
- huet zu Rivalitéiten op Poste gefouert, déi nach net do waren, an huet den Teamgeescht net gestäerkt,
– den Inhalt vun "eisem" Wahlprogramm (...) deem et un Häerz, un Ecker a Kante feelt.

D'Sondagë wieren eben ëmmer gutt gewiescht an den Optimismus an der CSV esou grouss: "Wat mir net gesinn hunn, war eng vill méi zréckhalend Meenung an der Gesamtpopulatioun."

An dann de Spëtzekandidat. Hannert deem wier kee richtegt politescht Kompetenzteam opgebaut ginn. Okay, mä firwat net? An dann diskutéiert de Marc Spautz de Problem Spëtzekandidat hei am Land mat senge 4 Walbezierker, wou nëmmen an engem dee Kandidat ka gewielt ginn. Trotzdeem hat d'CSV grad do esou Succès mam jcj, wéi de Marc Spautz en nennt. Et war falsch, dat Rezept 2018 ze kopéieren. Schreift de Marc Spautz, ouni ze soen, firwat dat falsch war. Sous-entendu bien entendu, de Claude Wiseler ass eben net de jcj. Deen iwwregens aus dem Walkampf net hätt dierfen erausgehale ginn.

An dann e bësse méi spéit dëst iwwer d'Partei an de Claude:

"Zwëschen dem Spëtzekandidat an der grousser Majoritéit vun den CSV-Kandidate war e Gap."

Also e Lach. Ups. Wie gëtt hei kritiséiert?

Eng falsch Decisioun wier et och gewiescht, fréi a kloer op eng Koalitiouns-Ausso mat der ADR ze verzichten. Och en anere Sujet gouf op chrëscht-kathoulescher Säit schlecht gehandelt, d'Meenungsverschiddenheeten tëschent Syfel a Bistum hunn eis och näischt bruecht, schreift den Nach-President op seng euphemistesch Manéier.

Wien awer däitlech schold ass um Walresultat, dat ass d'Luxemburger Wort. Schonn an engem Strategie-Pabeier hat de Marc Spautz am Juli 2017 geschriwwen:

"D'Realitéit ass, datt d'CSV keng Presse-amie méi huet."

A bei där Kritik bleift hien no de Walen, just nach méi schaarf:

Negativ fir eis war och Distanz vum Lëtzebuerger Wort vis-à-vis der CSV, wat iwwert Joerzéngten e Garant fir d'CSV war. Net nëmmen eng Distanz, d'Wort huet massiv d'Regierungsparteien ënnerstëtzt iwwert déi 5 Joer.

D'Wort huet och eng Rei CSV-Politiker systematesch ignoréiert oder an e schlecht Liicht gestallt. D'Impressioun ass ganz staark, datt et keng redaktionnell Ligne gëtt, et bei verschiddene Journalisten à la tête du client ass.Eng lénks, eng riets fir d'Wort – nennt een dat wuel.

A keng Gnod fannen d'Affichen, keng Gnod fënnt de faméise Plang, keng Gnod fënnt och den Ëmgang vun der Partei mat der Jugend:

"Mir hunn op di Jonk gewaart, wann di aner bei di Jonk gelaf sinn."

Schreift de Marc Spautz. Ouni och dee Problem genee ze analyséieren.