De Felix Braz huet am RTL-Interview betount, dass och hien der Meenung ass, dass keng Jugendlecher méi op Schraasseg solle kommen.

Zanter iwwer 20 Joer gëtt probéiert, d’Jugendschutzgesetz vun 1992 ze reforméieren. Elo endlech läit en neie Gesetzprojet um Dësch, ma et ass nach net de grousse Worf. Dat op d’mannst geet aus de ville Kritiken ervir.

En Donneschdeg den Owend war de Justizminister Felix Braz Invité am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg a stoung Ried an Äntwert zu de Kritiken. Hien huet betount, dass schonns zanter 20 Joer un enger Reform géing geschafft ginn an dowéinst hätt hien am Joer 2016 een Aarbechtsgrupp forméiert.

De Justizminister ass der Meenung, dass Lëtzebuerg ee modernt Jugendschutzgesetz brauch an dat séier. Do mat abegraff soll dann och sinn, dass déi Jugendlech, déi Strofdote begaangen hunn, zwar an ee Prisong gehéieren, mä net an een Erwuessene-Prisong. Deemno géinge se op Dräibur gehéieren, ma do wier dann awer ee weidere Problem an zwar deen, dass dass een da Krimineller zesummen an ee Prisong stécht mat Jugendlechen, déi u sech einfach just vun doheem fortgelaf sinn oder aner Statusdelikter begaangen hunn.

Et wéilt een d'Jugendschutzgesetz reforméieren an dofir géing een och d'Renate Winter, d'Presidentin vum UN-Kannerrechtscomité mat abezéien an den Text mat hir iwwerschaffen.

Kritik um neie Jugendschutzgesetz vun Oppositioun an Ombudsman

VIDEO: Kritik um Jugendschutzgesetz vun Oppositioun an Ombudsman
Ënner anerem gëtt kritiséiert, datt dem neie Gesetz no Jugendlecher awer nach an de Prisong fir Erwuessener kënne kommen.

Ënner anerem gëtt kritiséiert, datt dem neie Gesetz no Jugendlecher awer nach an de Prisong fir Erwuessener kënne kommen.

De Gesetzprojet soll zréckgezu ginn!“, „De Projet de loi muss nogebessert ginn!“ an „Ech sinn net zu 100% mam Gesetzprojet d'accord!“: Dat waren 3 vun de Reaktiounen no enger Sëtzung vun der parlamentarescher Justizkommissioun an där sech mam zukünftege Jugendschutzgesetz befaasst gouf. Dës Reaktioune vun der CSV, de Piraten a vum Ombudsman goufen zum Deel vu Vertrieder vun de Majoritéitsparteie gedeelt, soudass dësen Text nach net soubal an d'Sëtzung wäert kommen.

AUDIO: Chamberkom. Jugendschutzgesetz / Reportage Eric Ewald

Déi zolittst Kritik koum vun der CSV, fir déi de Minister Felix Braz säin Text zréckzéien an den internationale Kannerrechtskonventiounen upasse sollt. De Gilles Roth huet vun engem total verstëbsten a vereelzten Text geschwat, duerch dee Kanner zum Beispill nach ëmmer an en Erwuesseneprisong kéinte gestach ginn. D'Kritik, d'lescht Woch, vun der Presidentin vun der UNO-Kannerrechtskommissioun wär duerch den Ombudsman confirméiert ginn. Virun deem Hannergrond sollt de Minister en Text virleeën, deen den internationale Standarden entsprieche géif.

Den Text, deen elo virleit, ass engem modernen demokratesch Land, wéi Lëtzebuerg, net würdeg. De Minister brauch dofir och net méi Zäit, well et Modellgesetzer ginn, déi vun internationale Gremien ausgeschafft gouf. "Da soll hie sech dorun inspiréieren."

Fraktiounsiwwergräifend wär kloer, wat d'Defiziter sinn, ma de Ministère schéngt säi Gesiicht net wëllen ze verléieren, sou den CSV-Vertrieder, fir deen ee sech heiansdo awer a Fro stelle misst, an absënns bei Kannerrechter.

An den Ae vun de Piraten ass de Gesetztext, dee virläit, net gutt, woufir e misst nogebessert ginn. Fir de Marc Goergen sinn d'Problemer op dësem Gebitt iwwer Jore gewuess.

Wann haut Jonker an de Prisong kommen, wat géint all Kannerrecht ass, ass dat zu Lëtzebuerg gedult ginn. Dat muss awer ophalen, woufir d'Piraten Opklärung fuerderen an emol gewuer ginn, wéi vill Jonker dovu betraff waren.

Well een e Mëttwoch de Moie keng kloer Äntwert dorop krut, hätt een eng parlamentaresch Fro dozou gestallt, huet de Piraten-Vertrieder erkläert. Hie géif hoffen, dass de Meenunge vun den Experten, déi gehéiert goufen, Rechnung gedroe gëtt. De Gesetzprojet sollt awer net zréckgezu ginn, wéi d'CSV et verlaangt huet, well doduerch Zäit géif verluer goen.

Den Ombudsman dann, een e Mëttwoch de Moie gehéiert gouf, huet d'Kritik oprecht erhalen, dass Mannerjäreger net op Schraasseg gehéieren. D'Claudia Monti ass frou, datt se alleguerten, dorënner och d'Vertrieder vum Ministère, sech unanime eens waren, datt Jonker net an de Prisong gehéieren. Elo waart Si nach, datt et och an d'Gesetz geschriwwe gëtt.

Dem Claudia Monti no sinn dës Kritiken ëmzesetzen an Amendementer um Text ze maachen. Si wär ebe ganz gespaant op dat, wat kënnt, sot d'Mediateure nach.