Serie vu Bränn am Raum HesperBrandstëftung: Eng Persoun an Untersuchungshaft

Pierre Weimerskirch
Kevin Kayser
Vu Januar bis Abrëll gouf et am Raum Hesper eng Partie Autosbränn.
Serie vu Bränn am Raum Hesper: Persoun an Untersuchungshaft
Vu Januar bis Abrëll gouf et am Raum Hesper eng Partie Autosbränn.

Enn Dezember hunn um 3 Auer an der Nuecht zwee Autoe Feier gefaangen. Den 3. Januar brennt géint 1 Auer eng Camionnette zu Hesper, e bësse méi spéit en Auto zu Réiser. Knapp eng Woch drop brennen 3 Autoen zu Alzeng um Parking vun engem Fleege-Déngscht. An all dëse Fäll konnt Brandstëftung net ausgeschloss ginn. Viru genee enger Woch um hallwer 3 an der Nuecht kënnt et zu Izeg, no un engem Eefamilljenhaus, zu engem weidere Virfall. No RTL-Recherchen huet de Parquet de Mëtteg géint 16 Auer per Communiqué confirméiert, datt eng Persoun den Ament an Untersuchungshaft setzt, dat am Kontext vun de Bränn aus de leschte Méint an der Hesper Gemeng. Eng Virënnersichung gouf opgemaach, de Concernéierte war scho virum Untersuchungsriichter, deen decidéiert huet, de Mann an Untersuchungshaft ze setzen. D’ Enquête leeft weider.

Am Code Penal stinn e puer Artikelen iwwert den Incendie, wou d’Autoen net speziell erwäänt wieren, esou de Maître Rollinger, an esou Fäll géif éischter vun Destruktioun geschwat ginn. De Legislateur hätt traditionell an esou Fäll héich Prisongsstrofe virgesinn, an einfache Fäll bis zu 3 Joer, komme Mënschen zu Schued nach vill méi héich.

De Communiqué vum Parquet

Communiqué du parquet de Luxembourg dans le cadre d'un certain nombre d'incendies de voitures dans la commune de Hesperange.(09.04.2019)

L’enquête, qui est menée dans le contexte d’un certain nombre d’incendies de voitures ces derniers mois dans la commune de Hesperange, a permis d’identifier un homme en relation avec ces incendies. Une instruction préparatoire a été ouverte dans le cadre de laquelle le concerné a été entendu récemment par le juge d’instruction. Celui-ci a décidé de l’inculpation et de la mise en détention préventive de l’homme en question.

L’instruction se poursuit.

La présente communication se fait dans le respect des dispositions de l’article 8 (3) du code de procédure pénale, en particulier de l’obligation pour le procureur d’Etat, lorsqu’il rend des informations de l’instruction publiques,  de respecter la présomption d’innocence et les nécessités de l’instruction.

Rezent Autosbränn südlech vun der Stad Lëtzebuerg

Wéi der an den Noriichten op RTL scho matkritt hutt, ass et an de leschte Méint méi heefeg zu Autosbränn komm.  Vereenzelt kann e Brand duerch eng technesch Pann ausgeléist ginn.

RTL.lu: 2 Autoen zu Izeg a Flamen (2.4.19)
RTL.lu: Sandweiler - Een Auto a Flamen um Dënschdegowend (6.2.19)
RTL.lu: Duelem - Nees en Auto gebrannt, wuel en technesche Problem (13.1.19)
RTL.lu: Houwald - Auto a Flamen an der Route de Thionville (12.1.19)
RTL.lu: Nees e puer Autoen a Brand, déi Kéier zu Alzeng (11.1.19)
RTL.lu: Houwald - Schonn nees hunn an der Nuecht Autoe gebrannt (5.1.19)
RTL.lu: Schonn de 4. Auto bannent enger Woch am Raum Hesper a Brand (3.1.2019)
RTL.lu: Auto a Flamen zu Bouneweg an Auto géint Potto zu Rëmeleng (2.1.19)
RTL.lu: Zu Hesper sinn zwee Autoe verbrannt (30.12.2018)

Back to Top
CIM LOGO