Alerte jaune bis e MëttwochowendDonnerwiederen en Dënschdeg am Nomëtteg méiglech

RTL Lëtzebuerg
Fir Lëtzebuerg gëllt weiderhin eng Alerte jaune, déi op d'mannst bis e Mëttwoch den Owend verlängert gouf. En Dënschdeg am Nomëtteg kéint et zu Donnerwiedere kommen.
© RTL

D'Meteorologe warne virun Donnerwiederen am spéiden Dënschdegnomëtteg, nodeems de fréie Mëtteg vu Wolleken dominéiert gëtt. D'Gefor dierft awer fir den Ufank vum Owend noloossen, wéi MeteoLux schreift.

No den Donnerwiederen en Dënschdeg wäerten d'Temperaturen am Grand-Duché dann no an no erofgoen. Dat awer ganz lues. No engem Héchstwäert vu bis zu 35 Grad en Dënschdeg soll et e Mëttwoch zwar weiderhin hëtzeg bleiwe mat bis zu 34 Grad, ma d'Temperature falen awer lues. Fir en Donneschdeg ginn dann nëmmen nach 30 bis 32 Grad virausgesot, éier et e Freideg op 28 bis 30 Grad erofgeet an e Samschdeg op just nach 25 bis 27 Grad. E Sonndeg soll et dann zu engem méi däitleche Réckgang kommen, woubäi d'Temperature viraussiichtlech net méi iwwer 20 bis 22 Grad klamme wäerten.

D'Baisse vun den Temperaturen ass iwwerdeem deels vu staarkem Wand aus dem Nordoste begleet, mat Wandvitessen, déi daagsiwwer 40 bis 50 km/h erreeche kënnen. E grousse Risiko am Fall vun engem Brand, well dee sech duerch de Wand méi séier ausbreede kéint.

Back to Top
CIM LOGO