Wiss an Hecken hate gebranntVerdächtege Mann no Brandstëftung zu Hollerech gestallt

RTL Lëtzebuerg
Zu Hollerech hat et en Dënschdeg de Moien op enger Wiss gebrannt. Kuerz drop konnt d'Police ee Mann untreffen, dee vill Briquete bei sech hat.
© Photo by RASID NECATI ASLIM / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP

En Dënschdeg de Moie géint 6:45 Auer gouf der Police e Brand op enger Wiss zu Hollerech gemellt, wou och e puer Hecke Feier gefaangen haten. Kuerz drop konnt eng verdächteg Persoun net wäit vun der Tankstell vun enger Patrull ugetraff ginn, déi e puer Briquete bei sech hat. De Brand konnt duerch d'Pompjeeë vum CGDIS geläscht ginn an e Protokoll gouf erstallt.

Da gouf d'Police um Dënschdegmoien och wéinst engem Déifstall op eng Baustell an der Stad geruff. Déi bis elo onbekannt Täter hate sech duerch d'Baustellen-Ofspärung Zougang zum Site verschaaft an hu vun do eng Rei Aarbechtsmaschinne matgoe gelooss.

Eng Festnam gouf et e Méindeg de Moien dann nach zu Diddeleng, wou sech e Mann virun enger Wunneng opgehalen huet a géint d'Entréesdier geschloe huet. Well hien dobäi géint eng Verweisungsdecisioun verstouss huet a sech net do ophalen dierft, gouf hie vun der Police festgeholl an am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter bruecht.

Back to Top
CIM LOGO