Éisträichesch Defense-Ministesch op AarbechtsvisittÉisträich wëll sech eventuell u GovSat 2 bedeelegen

Céline Eischen
Déi éisträichesch Verdeedegungsministesch Klaudia Tanner war e Méindeg fir eng Aarbechtsvisitt am Grand-Duché.
© Céline Eischen

Mat militäreschen Éieren ass si vun hirer Lëtzebuerger Homologin Yuriko Backes am Schlass zu Buerglënster empfaange ginn. Um Programm stounge bilateral Gespréicher an och eng Visitt bei der SES.

Och wann Éisträich keen NATO-Member ass, esou wier déi Lëtzebuerger-Éisträichesch Kooperatioun an der Defense eng ënner Gläichgesënnten, esou op d'mannst de Message op der gemeinsamer Pressekonferenz. D'Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Backes begréisst dann och den Interessi un de Lëtzebuerger Satellite-Kapazitéiten:

Yuriko Backes (DP): Wir waren jetzt zusammen bei der SES. Ich glaube das ist auch sehr interessant, diese Firma zu besichtigen. Und wir begrüssen wie gesagt, das Österreischiche Interesse an Luxemburg's Satelliten-Kapazitäten. 

Déi Kapazitéiten wieren och net vu Muttwëll: Besonnesch an Zäiten vu geopoliteschen Tensiounen wier eng reegelbaséiert Kooperatioun ënnerteneen ee wichtege Schratt a Richtung méi europäesch Resilienz, esou d'Klaudia Tanner:

Klaudia Tanner (ÖVP): Es war sehr interessant, heute beim Unternehmen SES uns darüber zu unterhalten, wie eine mögliche Beteiligung Österreichs am Sateliten-Kommunikations-Projekt GovSat 2 ausschauen könnte. Ich glaube es ist wichtig, dass wir die Resilienz unserer staatlichen Kommunikation stärken und dass wir einen wichtigen Beitrag gemeinsam auch leisten zur strategischen Autonomie. 

Och déi aktuell Kooperatioun soll weider ausgebaut ginn, dat och an de Beräicher Weltraum- a Cybersécherheet. Donieft bilt Éisträich och Lëtzebuerger fir Rettungsasätz an de Bierger aus.

Béid Länner hunn e Méindeg eng Letter of Intent ënnerschriwwen, fir d'Kooperatioun weider ze stäerken. Wéi vill Suen déi éisträichesch Regierung awer fir eng méiglech éisträichesch Bedeelegung um GovSat 2 wëll an de Grapp huelen, konnt d'Klaudia Tanner nach net verroden.

Back to Top
CIM LOGO