Pilotprojet "ALPHA" an de SchoulenVill Diskussiounen a Froen ëm d'Form an net de Fong

Claudia Kollwelter
Vill Kritik, mee virun allem vill Froe goufen et en Dënschdeg de Moien an der Educatiounskommissioun an der Chamber. Sujet waren d'Rapporten iwwert den ALPHA-Projet.
Symbolbild vu Schüler an der Schoul
Symbolbild vu Schüler an der Schoul
© TyliJura

Vill Froen iwwer Form vu Pilotprojet "ALPHA" / Reportage Claudia Kollwelter

D'Rapporten iwwert den Alphabetiséierungsprojet ALPHA goufen en Dënschdeg an der Educatiounskommissioun presentéiert. D'Froen hu sech awer manner ëm de Fong, mee villméi ëm d'Form gedréint. Dat well d'Deputéiert net d'accord ware mat der Virgoensweis. Datt de wëssenschaftleche Rapport vum Luxembourg Centre for Educational Testing ënner Embargo gesat gouf, wier net nozevollzéien, huet d'Oppositioun kritiséiert. Et wier awer kengem virgeschriwwe ginn, eppes net dierfen ze publizéieren, huet et vu Säite vum Ministère op en Neits geheescht an et hätt ee just wëlle waarden, bis een all d'Rapporten zesummen hat. Fir d'Djuna Bernard vun déi Gréng ass eppes enorm wichteg:

"Dass déi Zweiwelen, déi un der Reform geäussert ginn, net nach verstäerkt ginn duerch Intransparenz oder duerch esou Mouvementer, déi mer awer elo an deene leschte Méint gesinn hunn."

D’Djuna Bernard huet iwwerdeems awer kritiséiert, datt et net novollzéibar wier, wisou d'"Peer review" net an den Dokumenter dobäi war, déi d’Chamber gefrot huet an d’Deputéiert dëse selwer hu missen op de Site vun der Uni siche goen. Dat géif definitiv net zur Transparenz bäidroen. De Luc Weis vum Educatiounsministère huet doropshin argumentéiert, et hätt een dat Dokument selwer eréischt e Freideg krut an dofir net Zäit gehat, et an déi 340 Säiten ze integréieren, déi e Méindeg public gemaach goufen an an deenen een déi aner Rapporte fënnt. Et wier bedauerlech, well een alt erëm d’Gefill hätt, et géife Saachen zréckgehale ginn, huet d’Djuna Bernard nach ënnerstrach.

Fir de Sven Clement vun de Pirate stelle sech eng ganz Partie Froen. Engersäits géif gesot ginn, et hätte fir de LUCET-Rapport net genuch Kanner matgemaach, fir kënne Konklusiounen ze zéien, anersäits géifen der awer gezu ginn:

"Et ass e bëssen wéi d'Pippi Langstrumpf, fir sech ze soen, ech maache mer d'Welt, wéi se mer gefält, nämlech soen, eemol gefält et mer, eemol gefält et mer net. Wann et mer net gefält, dann ignoréieren ech d'Donnéeën an ech soen, et geet net duer. Et ass e bëssen, wa mer iwwer wëssenschaftlech Donnéeë schwätzen an iwwer awer déi eenzeg quantitativ Studien, déi mer hei hunn an net nëmmen iwwer qualitativ Studien, wat all de Rescht ass, da stellen ech mer awer d'Fro, wéi ee kann esou staark Feststellunge maachen, déi sech aus den Zuelen net erginn."

Fir d'Francine Closener vun der LSAP géifen d'Rapporte kloer weisen, datt et keng Verschlechterunge goufen, mee och keng Verbesserungen:

"Da muss ee sech awer d'Fro stellen, firwat maache mer et dann? Well mir geheien awer déi ganz Schoul op d'Kopp, mir schécken Honnerte vu Leit an d'Formatioun, mir dinn d'Elteren e Choix maachen an der Spillschoul, wann um Enn vum Dag an den Tester quasi alles d'selwecht bleift, d'Allongementer schonn 2019 op deem selwechten Taux waren an de Pilotschoulen, genee esou déif virum Projet Alpha."

De Claude Meisch huet awer direkt kloer betount, datt dat keng Optioun wier:

"Mir hunn ëmmer e ganz gudde Grond fonnt, fir näischt ze änneren. An déi, déi mengen, datt mer elo erëm eng Kéier duerch eng prezis Analys vum LUCET erëm eng Kéier e gudde Grond hätten, fir dann nach näischt ze änneren, dee wäert bei mir awer ee fannen, deem ech net ka Recht ginn. Well ech fannen, mir kréien all Joer wëssenschaftlech dokumentéiert gewisen, wéi ongerecht eis Schoul haut ass a mir mussen dorobber eng Äntwert ginn."

Och d'Djuna Bernard vun déi Gréng huet ënnerstrach, datt et net opportun wier, déi geplangte Reform eréischt an zwee Joer ze maachen.

Verwonnert ware vill Deputéiert dann och, datt kee Vertrieder vum LUCET en Dënschdeg bei der Presentatioun dobäi war. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet doropshi gesot, datt en Echange mat all den Auteure vun de verschidde Rapporten awer an Zukunft méiglech wier.

Back to Top
CIM LOGO