Dréchent zu LëtzebuergAppell fir Waasser ze spueren: Lokal och Sanktioune méiglech

Lynn Cruchten
Den Auto wäschen, de Gaart iwwerméisseg nätzen oder de Krunn onnéideg lafe loossen, alles dat soll ee wärend der Phase de vigilance vermeiden, fir datt et lokal net zu Waasser-Enkpäss kënnt.
Appell fir Waasser ze spueren: Lokal och Sanktioune méiglech
De Gaart iwwerméisseg nätzen oder de Krunn lafe loossen, alles dat soll ee wärend der Phase de vigilance vermeiden, fir datt et lokal keng Waasser-Enkpäss ginn.

Bei de waarmen Temperaturen eng Ofkillung mam Schlauch oder eng gutt laang Dusch. Dat deet zwar gutt, mee d’Regierung rifft iwwer d’Waasserwirtschaftsamt dozou op, momentan spuersam mam Drénkwaasser ëmzegoen.

Sollt d’Situatioun sech nach verschäerfen, kënnen d’Gemengen och Verbueter decidéieren. A verschiddene Gemenge gëtt de Waasserverbrauch zum Beispill elektronesch iwwerwaacht. Wa festgestallt gëtt, datt an engem Stot massiv iwwerdriwwe gëtt an Zäiten, wou d’Waasser knapp ass, da kann ee mol eng Geldstrof vu bis zu 250 Euro riskéieren.

Well Dréchent an Hëtzt de Waasserreserven ëmmer méi zousetzen, ass et bis op Weideres och verbueden, Waasser aus de Flëss a Weieren ze huelen. Besonnesch am Éislek si d’Peegele vu verschiddene Gewässer op en nidderege Stand gefall. De Verbuet vu Prelevementer gëllt landeswäit, mat Ausnam vun der Musel.

Back to Top
CIM LOGO