FNEL an LGS an déiwer TrauerEng grouss Passioun vum Grand-Duc Jean war déi fir d'Scouten

RTL Lëtzebuerg
De Grand-Duc Jean ass 1945 zum Chef-Scout vun der "Luxembourg Boy Scouts Association" ernannt ginn an huet zanterdeem vill positiv Andréck hannerlooss.
VIDEO: Iwwert de Grand-Duc Jean als Chef-Scout
Hie war een iwwerzeegte Scout, een deen de Mënsch an d’Natur ze schätze wousst. De Grand-Duc Jean gouf 1945 de Chef-Scout hei zu Lëtzebuerg.

Hie war een iwwerzeegte Scout, een deen de Mënsch an d’Natur ze schätze wousst. De Grand-Duc Jean gouf 1945 de Chef-Scout hei zu Lëtzebuerg. Zwee déi säi Wee begleet hunn, ass op der enger Säit de Guy Aach, hie war tëscht 1989 an 1998 Generalkommissär bei der FNEL. Een aneren ass de Jos Loos, hie war Commissaire général tëscht 1969 an 1975.

Déi fréier Scout-Kommissäre Guy Aach a Jos Loos erziele vun hirem Chef-Scout.

Déi éischte Kéier huet de Guy Aach, de fréiere Generalkommissär vun der FNEL de Grand-Duc Jean 1957 um Jamboree, engem Scoutscamp, an England gesinn. An och wann de Staatschef deemools vun enger ganzer Ekipp entouréiert war, war hien awer ganz oppe fir Kontakt mat senge Scouten ze sichen. De Grand-Duc Jean wier ee léiwen an diskrete Mënsch gewiescht.

De Guy Aach, fréiere Generalkommissär vu der FNEL:

Hie koum heiansdo an d’Versammlung vun de kathoulesche Scouten an der FNEL; an et war eng Sitzung, do hu mir eis e bëssen an d’Hoer kritt, mir mat eise Bridder. An zwee Deeg drop hunn ech de Grand-Duc gesinn, an do hunn ech mech fir déi haart Téin entschëllegt. Du sot hien, et wier ganz interessant. Also en huet dat genoss, hien ass diskret iwwert déi Saache gaangen. Mä et war ee Prënz, hie wousst wien hie wier, Dir hutt hie mat Respekt misste behandelen. Au long terme war hie ee Scoutsbrudder, mä hie war de Grand-Duc.

De Guy Aach

Ee Grand-Duc ouni Allüren. Dat huet een en Dënschdeg de Moien an Tëscheriff an a Reaktiounen iwwert den Doud vum Grand-Duc Jean méi wéi eng Kéier héieren. Eppes wat och de Jos Loos, fréiere Generalkommissär bei der LGS esou gesäit: “Mir hunn ëmmer de Chef-Scout gesinn, ni de Grand-Duc.”

Wéi hien nach ganz jonk war, huet de 86 Joer ale Physiksproff de Grand-Duc déi éischte Kéier begéint. Ee Souvenir, deen an Erënnerung bleift.

“Am Oktober 1945, wéi e säi Scoutverspriechen ofgeluecht huet, dunn ass hien de Chef-Scout ginn. Ech war ee klenge Scout. Do stoungen mir zu enge 5000.”

An nach eppes verbënnt béid Männer, allebéid hu se de bronzene Wollef kritt, vun der “World Organization of the Scout Movement”. Déi héchsten Auszeechnung am Scoutswiesen. De Guy Aach op senger Säit dann hat och d’Geleeënheet mam Grand-Duc Jean op offiziell Visitt an Israel Enn vun den 80er Joren ze goen.

“Mir sinn a klengen Ekippe gefuer. All Moment zesumme mam Grand-Duc an der Grande-Duchesse. Et war esou frëndschaftlech wéi dat mat Royale méiglech ass.”

Wat d’Scoutswiesen ugeet, dierft déi nächst Generatioun um Haff d’Aktivitéiten iwwerhuelen, dat an der Successioun vum Ierfgroussherzog Guillaume.

Grand-Duc Jean / E perséinlechen Noruff vum Roy Grotz

VIDEO: Erënnerungen un de Grand-Duc Jean (1921-2019)
De Staatschef ass 98 Joer al ginn.

Ce n’est qu’un aurevoir Chef-Scout

De Lëtzebuerger Scoutissem huet en aussergewéinleche Chef verluer.

Le véritable chemin du bonheur est de donner celui-ci aux autres. Essayez de quitter la terre en la laissant un peu meilleure que vous l’avez trouvée et quand l’heure de la mort approchera, vous pourrez mourir heureux en pensant que vous n’avez pas perdu votre temps et que vous avez fait «de votre mieux». - Lord Robert BADEN-POWELL

PDF: Schreiwes vum Daachverband SIL

Back to Top
CIM LOGO