Oppen opgeboertDoudelued vum Grand-Duc Jean am Palais

RTL Lëtzebuerg
Vill Leit hate sech e Sonndeg fir de Cortège zu Colmer an an der Stad versammelt. Vum Méindeg u kann de Public dem verstuerwene Staatschef Äddi soen.

Da kann een de Grand-Duc Jean och nach eemol gesinn, well dee Verstuerwene gouf oppen an der Chapelle ardente am Palais opgeboert.

Vun e Méinden a bis e Freideg kënnen d’Leit dem fréiere Staatschef am Palais déi lescht Éier erweisen (Detailer hei drënner).

D’Doudelued vum Grand-Duc gouf dofir e Sonnden de Mëtten um 14.30 Auer vum Schlass-Bierg an de groussherzogleche Palais bruecht.

Souwuel zu Colmer beim Schlass wéi och an der Stad beim Palais hate sech vill Leit fir de Cortège versammelt. “E war e grousse Mann” an “e Stéck Lëtzebuerg”. Dat huet een um Krautmaart vu ville Leit héieren, déi op der Plaz waren, fir de Cortège vum Grand-Duc Jean senger Lued ze begleeden.

Doudelued vum Grand-Duc Jean am Palais: Rep. Annick Goerens

Lued vum Grand-Duc Jean: Arrivée beim Palais
Vill Leit hate sech versammelt, fir bei deem emotionale Moment derbäi ze sinn.
Lued vum Grand-Duc Jean: Depart zu Colmer-Bierg
Ganz vill Leit stoungen zu Colmer laanscht d’Stroossen, fir dem verstuerwene Staatschef nach eemol Äddi ze soen.

De Cortège a Biller

VIDEO: Cortège (1): Depart zu Colmer-Bierg
E Sonndeg am Nomëtteg gouf d’Doudelued vum Grand-Duc Jean an de Palais bruecht. - Onkommentéiert Biller.
VIDEO: Cortège (2): Tëscht Colmer an der Stad
E Sonndeg am Nomëtteg gouf d’Doudelued vum Grand-Duc Jean an de Palais bruecht - Onkommentéiert Biller.
VIDEO: Cortège (3): Arrivée an der Stad
E Sonndeg am Nomëtteg gouf d’Doudelued vum Grand-Duc Jean an de Palais bruecht - Onkommentéiert Biller.

De Konvoi goung an der Stad iwwert de Boulevard Royal, de Boulevard Roosevelt, d‘Ënneschtgaass an de Krautmaart bis bei de Palais.

Leschten Äddi

Wärend 5 Deeg kënnen d’Leit dem Grand-Duc eng leschte Kéier Äddi soen a sech an ee Kondolenzbuch androen. Kameraen a Fotoapparater sinn net zougelooss, och well de Grand-Duc Jean oppen opgeboert ass. Hei déi detailléiert Datumer mat Auerzäiten:

Méindes mëttes vu 14 bis 19 Auer
Dënschdes moies vun 10 bis 12 a mëttes vu 14 bis 19 Auer
Mëttwochs vu moies 10 bis owes 19 Auer
Donneschdes moies tëscht 10 an 12 a mëttes tëscht 14 an 19 Auer
Freides moies tëscht 10 an 12 a mëttes vun 14 bis 16 Auer

Am Palais, am Schlass zu Colmer-Bierg an am Schlass zu Fëschbech kënnt Dir ee perséinleche Message an ee Kondolenz-Buch schreiwen.

All Plaze fir de Public si verginn

D’Begriefnis ass e Samschdeg de 4. Mee an der Kathedral. Op Wonsch vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa soll och de Public un der Mass kënnen deelhuelen. Allerdéngs waren d’Plazen limitéiert, dowéinst huet ee sech am Virfeld mussen umellen. Dat konnt ee maachen vun e Méindeg de Moien 9 Auer un, ënnert anerem op monarchie.lu lu oder iwwert den Telefon 474 874 - 810. Pro Aschreiwung konnte maximal zwou Plaze reservéiert ginn.
Déi Plaze waren immens séier verginn, heescht et an engem Schreiwes vum Haff kuerz no 10 Auer. Déi Leit, déi sech eng Plaz séchere konnten, gi via Email doriwwer informéiert.

Nom Doud vum Grand-Duc Jean ass den Haff iwwregens déi nächst 6 Wochen am Trauer.

FOTOGALERIE: Andréck vum Palais vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.

Beim Seenen an der Chapelle ardente vum Palais. An der 1. Rei: de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse zesumme mam Prënz Jean, der Prinzessin Margaretha, der Prinzessin Marie-Astrid an dem Prënz Guillaume. An der 2. Rei déi ierfgroussherzoglech Koppel ëmgi vun der Comtesse Diane de Guerre, dem Prënz Nikolaus de Liechtenstein, dem Archiduc Christian d’Autriche an der Prinzessin Sibilla. An der 3. Rei d'Enkelkanner vum Grand-Duc Jean.
Beim Seenen an der Chapelle ardente vum Palais. An der 1. Rei: de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse zesumme mam Prënz Jean, der Prinzessin Margaretha, der Prinzessin Marie-Astrid an dem Prënz Guillaume. An der 2. Rei déi ierfgroussherzoglech Koppel ëmgi vun der Comtesse Diane de Guerre, dem Prënz Nikolaus de Liechtenstein, dem Archiduc Christian d’Autriche an der Prinzessin Sibilla. An der 3. Rei d’Enkelkanner vum Grand-Duc Jean.
© Cour grand-ducale / Guy Wolff

Schreiwes vum Haff

De Communiqué vum Maréchalat de la cour.

Back to Top
CIM LOGO