Replay a ResuméLoosst déi grouss Télévie-Soirée Revue passéieren!

RTL Lëtzebuerg
Beim Télévie 2019 gouf d'Rekordzomm vun 2.005.842 Euro gesammelt. Hei e Resumé vum Event an och déi ganz Tëleesemissioun, fir se nach eemol ze kucken.
VIDEO: Télévie 2019: D'Rekord-Emissioun am Resumé
D'Highlighten aus der Marathon-Emissioun vum Samschdeg den Owend.

Domat hätt wuel kee gerechent. Net nëmmen ass de Rekord vun 1,67 Milliounen Euro vum leschte Joer geknackt ginn, mä och d’Zwou-Millioune-Grenz gouf iwwerschratt. E ganze Koup Suen, déi der Kriibsfuerschung ze gutt kommen. Mat esou engem héije Montant hätt d’Diane Wunsch, Télévie-Coordinatrice, nimools gerechent. "Ech sinn iwwerwältegt, ech sinn immens frou an ech si virun allem immens dankbar", esou d’Diane Wunsch no der Marathon-Sendung vu 4 Stonnen.

Wéi och déi Editioune virdru war dësen 18. Télévie eng besonnesch Emissioun – mat Momenter vu Freed, Trauer an Hoffnung. Nieft den Temoignagë vun de Kriibs-Patiente war och den Optrëtt vum David Ianni en emotionalen Héichpunkt. Als Hommage un de verstuerwene Grand-Duc Jean huet hien e Lidd komponéiert gehat.

Trotz Staatstrauer si Patienten a Chercheuren op Donen ugewisen. "Si hänke komplett an direkt vun eis of", erkläert d'Télévie-Présentatrice Caroline Mart. Et géing een all Joer mierken, wéi d’Fuerschung virugeet a wéi wichteg et dowéinst ass, net opzehale mat Sue sammelen.

Ma obwuel d’Fuerschung scho rise Fortschrëtter gemaach huet, bleift nach vill ze maachen. Zwou Milliounen Euro sinn awer scho mol e gudden Ufank.

Hei geet et op den Télévie-Site.Eise groussen Télévie-Artikel mat allen Infoen.

D'Emissioun am Replay (3 Deeler)

Hei kënnt Dir déi ganz Emissioun vum Samschdeg den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg nach eemol genéissen.

VIDEO: Télévie 2019: Deel 1 (19h00-19h30)
E Samschdeg war déi grouss Finall vum Télévie 2019.
VIDEO: Télévie 2019: Deel 2 (20h00-22h00)
E Samschdeg war déi grouss Finall vum Télévie 2019.
VIDEO: Télévie 2019: Deel 3 (22h00-0h00)
E Samschdeg war déi grouss Finall vum Télévie 2019.

Back to Top
CIM LOGO