E Samschdeg den Owend war déi grouss Finall vum Télévie 2019 - mat engem fantastesche Spenderekord fir d'Kriibsfuerschung goung déi op en Enn.

Beim Télévie geet et drëms, fir sech zesumme géint de Kriibs a fir d'Kriibsfuerschung z'engagéieren. Nach bleift vill ze maachen, well fir munch Kriibszorte gëtt et nach ëmmer keng Medikamenter, déi wierklech eng Heelung erméiglechen. Fir déi 18. Kéier hat sech an de leschte Méint nees dat ganzt Land mobiliséiert.

De Startschoss vum groussen Télévie-Dag war schonns e Freideg den Owend um 19 Auer. Vun deem Ament un ass den Télévie-Compteur gelaf an dat bis an de ganz spéide Samschdeg den Owend eran. All Spenden, déi iwwert d'Joer gesammelt goufen, an d'Donen, déi vun e Freideg den Owend u bis e Samschdeg den Owend erakoumen, goufen addéiert an den Total gouf um Compteur affichéiert.

An dee Compteur huet net opgehalen ze wibbelen, huet de Rekord vun zejoert vun 1,67 Millioune stoe gelooss, ass weider geklommen, huet déi zwou Milliounen touchéiert an huet déi Grenz finalement iwwerschratt: Um Enn goufen 2.005.842 Euro fir d'Kriibsfuerschung gesammelt.

Ee risegrousse MERCI dofir nach eemol op dëser Plaz!!!

VIDEO: Télévie 2019: Merci!
Spenderekord zu Lëtzebuerg: Iwwer 2 Milliounen Euro goufe gesammelt.

Um groussen Télévie-Dag e Samschdeg konnten d'Leit vu moies bis owes an déi eenzel Centres de promesses goen, fir sech do z'ameséieren an den Télévie z'ënnerstëtzen. Dëst Joer waren d'Centres de promesses zu Schëffleng, Miersch, Jonglënster, am Kiischpelt an zu Rodange (zanter 2002 derbäi). Natierlech war och erëm ee Centre de promesses um Kierchbierg am Siège vun RTL.

Op RTL - Radio, Tëlee an Internet - hu mir den Télévie de ganze Samschdeg iwwer begleet.

VIDEO: Télévie: E Bléck hanner d'Kulissen
Wéi gouf sech bei RTL op d'Finall vum Télévie 2019 virbereet?

Centre de promesses Kierchbierg

Centre de promesses Rodange

Centre de promesses Miersch

Centre de promesses Jonglënster

Centre de promesses am Kiischpelt

Centre de promesses Schëffleng

Télévie-Aktiounen um Samschdeg

E grousse Merci

Am Numm vun all de Concernéierte seet RTL en häerzleche Merci fir deen neie Spenderekord!

E ganz grousse Merci all deenen Aktiven, déi sech d'Joer iwwer fir d'Aktioun asetzen, an och deene Leit, déi den Télévie an hirem Testament vermierkt hunn an domadder och no hirem Doud nach Mënsche gehollef hunn.

Wat gouf an der Vergaangenheet gesammelt?

Alles an allem sinn duerch den Télévie, deen zanter 2002 zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, bis elo an deenen 18 Editiounen zu Lëtzebuerg iwwer 23 Milliounen Euro fir d'Recherche géint de Kriibs gesammelt ginn.

2019: 2.005.842 Euro
2018: 1.674.429 Euro
2017: 1.620.455 Euro
2016: 1.567.596 Euro
2015: 1.550.847 Euro
2014: 1.389.098 Euro
2013: 1.153.928 Euro
...

Eng kleng Hannergrond-Info (op Franséisch)

Le Télévie est une opération caritative organisée en Belgique francophone et au Grand-Duché de Luxembourg par RTL-TVI depuis 1989 au profit du F.R.S.-FNRS. Elle permet de récolter des fonds pour aider la recherche scientifique dans sa lutte contre le cancer et la leucémie, chez l'enfant et chez l'adulte. Elle s'achève par une soirée de clôture télévisée.

La somme récoltée est chaque année versée au F.R.S.-FNRS, qui organise l'évaluation des projets scientifiques soumis au Télévie : les projets sélectionnés reçoivent l'intégralité de l'argent récolté, les frais liés à l'évaluation étant pris en charge par le budget propre du F.R.S.-FNRS.

Depuis 2002, RTL Télé Lëtzebuerg au Grand-Duché de Luxembourg participe également au côté de la chaîne belge et organise aussi une grande soirée de clôture en simultané avec celle de RTL-TVI.