LandwirtschaftDréchent mécht de Baueren deels Problemer

Pierre Jans
Virun allem bei der Recolte vum Mais géif dat dréchent Klima zu Lëtzebuerg Problemer verursaachen.
© RTL Archiv

Och d'Wise riskéieren auszedréchnen, beklot d'Bauerenzentral. Vill Betriber géife sech Ree wënschen, mä net all.

Wéinst dem gudde Wieder leeft d'Recolte vun de Kären, de Karschnatz, am Süden op Héichtouren. An d'Resultater si bis ewell zefriddestellend, heescht et aus der Bauerenzentral, och wann d'Quantitéiten den Ament net pertinent sinn. Dofir wär et nach ze fréi. Am Norden allerdéngs fänkt d'Käre-Recolten eréischt un an do kéint ze vill Reen de concernéierte Baueren d'Liewe schwéier maachen, erkläert de President vun der Bauerenzentral Marc Fisch: "Verschidde Kulture brauche jo Waasser iwwert dee ganze Summer duerch. Deen Ament wou d'Recolte soll eragefouert ginn, kann de Reen natierlech och grad esouvill Problemer maachen, ewéi e virdru genëtzt huet.''

Allgemeng wënscht d'Bauerenzentral sech awer Waasser vun uewen. De Mais, d'Gromperen an d'Wise riskéieren auszedréchnen: ''Dat si Kulturen, déi elo am Gaang sinn sech ze bilden, dat heescht d'Gromperen déi wuessen an op der anerer Säit de Mais deen de Kolbe mécht. Deen Ament brauch de Mais ganz vill Waasser, mä dat feelt elo. De Mais ass och nach relativ kleng an deene meeschte Géigenden. En huet jo eng gewëssen Zäit, wou e wiisst, a wann en elo kee Waasser kritt, gëtt d'Recolte wahrscheinlech nëmmen d'Halschent vun engem normale Joer.''

Eppes dat de Baueren natierlech wéi deet, och am Portmonni. Well och d'Wisen, déi ronn d'Halschent vun de Lëtzebuerger Kulturen ausmaachen, net méi nowuesse géifen, mussen d'Béischte gefiddert ginn; och dat kascht. Bewässere wär keng Léisung, seet de Marc Fisch: ''Mir bewässeren hei zu Lëtzebuerg jo eigentlech guer net, ausser am Geméisbau.''

Mä och dee kéint eng oder déi aner Reeschauer verdroen, esou de President vun der Bauerenzentral.

Back to Top
CIM LOGO