Buedem huet sech 20 cm gehuewenD'Diere vun der Pater-Kierch an der Uewerstad sinn zou

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Hëtzt an der Fiichtegkeet ënnert de Plättercher huet sech de 26. Juli de Buedem ëm 20 Zentimeter gehuewen.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Den Ament sinn d’Diere vun der Pater-Kierch an der Uewerstad nieft der Theaterplaz zou. Dës Kierch gëtt den Ament vun der englesch-sproocheger Communautéit genotzt.

De Buedem huet sech an der Pater-Kierch gehuewen
Onkommentéiert Bildmaterial.

D’Kierch ass an den 1860er Jore gebaut ginn an anengems eng beléifte Plaz fir Concerten. Bis op Weideres sinn awer souwuel d’Massen wéi och aner kulturell Evenementer gestrach an dat well de Buedem vun der Kierch vum Hellegen Alphonse sech ëm 20 Zentimeter gehuewen huet. D’Hëtzt, déi 40 Grad vu leschter Woch an d’Fiichtegkeet ënnert de Plättercher wäre responsabel fir dës Mutatioun, déi net just hannert de Klouschter-Maueren fir Opreegung suergt.

Extrait vum Benôit Rall
...

Weider Informatioune ginn et um Internetsite catholic.lu.

Back to Top
CIM LOGO