Luxairport vu Streik bei der Lufthansa betraffFlich vun an op München en Donneschdegmoien annuléiert

RTL Lëtzebuerg
De Streik bei der däitscher Lufthansa huet bis ewell e limitéierten Impakt op de Fluchtrafic um Findel.
De Luxairport vu baussen (Symbolbild)
© Domingos Oliveira

Zanter en Donneschdeg Mëtternuecht streiken d’Pilote vun der däitscher Lufthansa. D’Gewerkschaft “Vereinigung Cockpit” huet hir Memberen dozou opgeruff, d’Aarbecht bis e Freideg 23.59 Auer néierzeleeën.

Hannergrond vum Streik ass eng Ausernanersetzung ëm déi betriblech Altersvirsuerg bei der Lufthansa.

Flich aus der Kriseregioun am Noen Osten net betraff
D'Pilote vun der Lufthansa a vu Cityline streiken en Donneschdeg an e Freideg

D’Gewerkschaft huet ënnerstrach, dass Flich, mat deene Leit aus der Kriseregioun am Noen Osten erausbruecht ginn, net vum Streik betraff wieren.

Bis ewell sinn zwee Flich, déi um Findel landen respektiv vun do starte sollten, vum Streik betraff. De Fluch vu München, deen en Donneschdegmoien um 8.50 Auer zu Lëtzebuerg lande sollt, an deen, deen um 9.30 Auer op Münche sollt fléien, sinn allebéid gestrach. Déi aner Lufthansa-Flich stinn - Stand en Donneschdeg um fréie Moien - nach regulär am Planning.

Back to Top
CIM LOGO