Dageseltere struewelenPräislech ass et bal onméiglech, mat Crèchë matzehalen

RTL Lëtzebuerg
D’Dageselteren Network asbl ass dout, dat war viru kuerzem op der Facebook-Säit vun der Associatioun ze liesen.
Dageseltere struewelen
D’Dageselteren Network asbl ass dout, dat war viru kuerzem op der Facebook-Säit vun der Associatioun ze liesen.

De Grond wär, datt vill Comitésmembere sech et finanziell net méi leeschte kéinten, als Dageselteren ze schaffen. Duerch d’Reform vun den Tariffer vun de Chèques Services kéinte Crèchen d'Kannerbetreiung méi bëlleg ubidden. Vill Dagesmamme kéinten där Konkurrenz net standhalen a missten hiren Job un den Nol hänken, heescht et.

D’Simone Münstermann ass zanter 2013 Dagesmamm. Géif hiren Ex-Mann hir d’Haus net gratis zur Verfügung stellen a misst si Loyer bezuelen, kéint si net vun hirem Akommes liewen.

Vill méi wéi 6,50 Euro d’Stonn kann d’Simone Münstermamm den Elteren net verrechnen, wa si präislech iergendwéi mat de Crèchë mathale wëll. Dat wär elo scho quasi net méiglech.

Bezilt de Staat fir d’Betreiung an der Crèche jee no Akommes a Familljesituatioun bis zu 6 Euro d’Stonn fir e Kand, esou kënnt ee bei der Dagesmamm just fir maximal 3,75 Euro d’Stonn op. Déi 20 Stonne gratis Betreiung d’Woch kënnen d’Dageselteren am Géigesaz zu de Crèchë guer net ubidden.

D’Stella Falkenberg huet och deels aus finanzielle Grënn opgehalen, Kanner doheem ze versuergen an observéiert unhand vun der offizieller Lëscht vun den agreéierten Dageselteren, datt der ëmmer méi d’Bengele bei d’Tromm geheien.

Dem Educatiounsministère no hätten dës réckleefeg Zuelen awer villerlee Grënn. Zum Beispill hätten och eng ganz Rei Dageselteren, déi scho méi laang net méi aktiv waren, hiren Agreement am Kader vun neie Qualitéitsufuerderungen ofginn.

Och wann d’Dageselteren Netzwierk sech aus Mangel u Memberen opgeléist huet, fuerderen déi fréier Presidentin an hire Mann weiderhin, datt Elteren, déi hir Kanner vun Dageseltere versuerge loossen, déi selwecht staatlech Zouzuelung kréie solle wéi an de Crèchen.

Back to Top
CIM LOGO