Nom zweete konstitutionelle VottFräiheet op Ofdreiwung ass definitiv an der Verfassung verankert

Céline Eischen
Eng Verfassungsännerung ass eréischt no zwee Votten definitiv. Déi éischte Kéier war am Mäerz ofgestëmmt ginn.

D'Fräiheet op Ofdreiwung ass duerch den zweete konstitutionelle Vott en Dënschdeg de Mëtten an der Chamber definitiv an der Verfassung verankert ginn. D'Deputéiert hu mat 51 Jo zu sechs Nee Stëmmen an zwou Abstentiounen dem Text vum Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum zougestëmmt. Dësen huet dann a senger Ried ënnerstrach, datt Lëtzebuerg op dësem Dag géif Geschicht schreiwen. Effektiv ass de Grand-Duché nieft Frankräich eréischt dat zweet Land op der Welt, wat d'Ofdreiwung an der Verfassung verankert. Scho virun dräi Méint, Ugangs Mäerz, war déi éischte Kéier ofgestëmmt ginn, eng Verfassungsännerung ass awer eréischt no zwee Votten definitiv.

Un de Positioune vun de Fraktiounen a Sensibilitéiten huet sech iwwerdeems net vill geännert. De Fraktiounspresident vun der CSV Laurent Zeimet huet ënnerstrach, datt seng Fraktioun no Gewësse stëmmt. De Fraen hir Fräiheet soll gestäerkt ginn, d'Ofdreiwung verharmlosen awer net. 

Et wier ee ganz kloert Signal un d'Politik an un d'Gesellschaft, seet d'LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding. 

Vu lénker Symbolpolitik schwätzt den ADR-Fraktiounschef Fred Keup. Eng Verankerung an der Verfassung wier net néideg gewiescht. Et bräicht eng méi konsequent Familljepolitik, fir datt Famillje mat Kanner zu Lëtzebuerg besser encadréiert an ënnerstëtzt ginn. 

Fir d'Sam Tanson vun déi Gréng wier et begréissenswäert, fir eng Ofsécherung fir déi zukünfteg Generatiounen duerch dëse Vott ze kréien. D'Beispiller aus dem Ausland géife weisen, datt Rechter net immun géint Regierungschangementer wieren. Dowéinst wier et grad an dësem Sujet esou wichteg, datt d'Fräiheet fir ofzedreiwen an d'Verfassung géif stoe kommen. 

Zum Schluss vun der Debatt ass den DP-Deputéierten Gérard Schockmel dann nach eng Kéier un d'Riednerpult getrueden. Wéi och scho beim éischte Vott huet den DP-Deputéierten uginn, géint den Text ze stëmmen. Fir hie géif den Text falsch Versprieche maachen. Et hätt een et mat Desinformatioun ze dinn, well den Text keng richteg Ofsécherung wier. D'Konditioune vun der Ofdreiwung kéinte jo nach ëmmer iwwer een einfacht Gesetz ofgeännert ginn. Deem huet de Marc Baum vun déi Lénk widdersprach. 

Back to Top
CIM LOGO