Presuméierte Mafioso"Faillen" am Kampf géint de Blanchiment

RTL Lëtzebuerg
Datt e presuméierte Mafioso Administrateur vun enger SARL konnt ginn, wier normal, mä et géing weisen, datt et „Faillen“ am System gëtt.

Santo Rumbo ass den Numm vum presuméierte Mafioso, deen den 9. August zu Zolwer festgeholl gouf. Dësen taucht RTL-Recherchen no schonn zanter e puer Joer an Datebanken op, déi et erlaben, ze kontrolléieren, ob eng Persoun e kriminelle Background huet oder net. Obwuel et esou ee Background-Check gëtt, gouf hien am Mäerz Administrateur-Gerant vun enger SARL, engem Café zu Déifferdeng.

Der Presidentin vun der Chambre des Notaires no ass et dorobber zeréckzeféieren, dass d'Nominatioun vum Mafioso ouni "acte notarié" geschitt ass. Säin Numm taucht just méi spéit bei enger klenger Statutenännerung op. Et wier normal, dass de Gerant an deem Fall net kontrolléiert gëtt, well e virdru scho genannt ginn ass, sou d'Martine Schaeffer. Eng weider Erklärung ass, datt an der Datebank "World Check", déi d'Notairë benotzen, fir hir Clienten ze iwwerpréiwen, den Numm "Rumbo" ouni Virnumm virkéim.

Ausserdeem confirméiert d'Martine Schaeffer, dass d'Notairen "bis elo net" all Numm kontrolléieren, deen an engem Akt virkënnt. En Notaire préift, wien de "bénéficiaire économique" ass an déi aner just, "je nodeem, wéi d'Pouvoire sinn an enger Gesellschaft". Bei engem Café, wéi dat de Fall beim presuméierte Mafioso ass, géing dat net gemaach ginn, "well d'Matière net sou grouss ass".

VIDEO: Santo Rumbo Reaktioun vum Notaire
Santo Rumbo ass den Numm vum presuméierte Mafioso, deen den 9. August zu Zolwer festgeholl gouf.

"Know your customer"

Dëse Fall weist, datt et "Faillen" am System ginn, déi ee kéint zoumaachen. Dat géing awer erëm méi Kontroll bedeiten, also och méi Bürokratie. D'Tendenz wier am Moment awer éischter, fir Bürokratie ze reduzéieren. D'Martine Schaeffer nennt als Beispill d'Société à responsabilité limitée simplifiée: "D’Tendenz, fir datt domadder Schmu gemaach gëtt, ass relativ grouss, well iwwerhaapt guer kee Kontroll do ass", sou d’Notaire.

Weider heescht et, dass et net verbueden ass, en Akt ze maachen, och wann een an den Datebanken optaucht. Bei Verdacht mussen d'Notairen awer eng Denonciatioun un d’Justiz (Cellule de Renseignement Financier, CRF) schécken. D’CRF decidéiert dann, ob den Dossier op Äis geluecht gëtt. Fir d'Police ass et heiansdo méi interessant, wann d'Affär poursuivéiert gëtt, well si esou vläicht nokucke kënnen, wou d'Suen hifléissen.

Zanter e puer Joer maachen d'Notairen an hir Mataarbechter verstäerkt Formatiounen am Beräich vum Kampf géint de Blanchiment an d'Finanzéierung vum Terrorismus, "fir ee Feeling ze kréien, ob eng Affär kloer ass oder net". Mat der neier, véierter EU-Direktive iwwert de Blanchiment muss elo och all Notariat eng "Procédure écrite" maachen. Mä "et ass natierlech ëmmer komplizéiert, all Fall ass anescht, all Dossier ass anescht, et ass een e bëssen ënner Zäitdrock", sou d'Martine Schaeffer.

Op d’Fro, ob d'Notairen net riskéieren, "coulant" mateneen ze sinn, äntwert d’Presidentin vun der Chambre des Notaires: „Ebe just net, well mir nëmmen zu 36 sinn, musse mir och ëmmer kucken, datt mer eng propper Professioun bleiwen an do ginn d'Kontrollen relativ staark gemaach". Et wier een déi lescht Jore méi streng ginn an et wier een a méi enkem Kontakt mat der CRF. D'lescht Joer gouf géint zwee Notairen en "Avertissement" gemaach. Dat wier awer just wéinst Klengegkeete gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO