"Mir hu geruff an aus dem ganze Land sinn d'Leit komm", seet de Buergermeeschter Michel Wolter. Et gouf eng grouss Solidaritéit. 11'000 Stonnen Asaz an Hëllef goufe gezielt. Zum Beispill vum Service Technique, de Pompjeeën, der Arméi oder de Bëschaarbechter a Fierschteren. Derbäi kommen nach d'Stonne vun de Betriber an de Fräiwëllegen.
De Schued ass och haut nach ëmmer grouss. Zu Käerjeng sinn eleng 11 Gebaier vun der Gemeng beschiedegt ginn, sou de Michel Wolter. Am meeschte wieren hei d'Sportsinfrastrukturen a Fussballterraine betraff. Vu 14 Luuchtepottoen hunn der 9 missten aus Sécherheetsgrënn ofgerappt ginn. Dobäi kommen 2 Diech, déi hu misste frësch gemaach ginn.
Een Ament hu 50 Leit missen an Hoteller placéiert ginn. Aktuell liewe just nach zwou Famillen an Hotellen. Déi meescht Leit wollten, wann et nëmme geet, doheem bleiwen. D'Leit géifen net gären erausgoen aus hirem Doheem. Do, wou den Daach fort war, de Rez-de-chaussée awer nach an der Rei war, hunn d'Leit sech arrangéiert. Dacks sinn dës Fäll och vun den Daachdecker als éischt behuewe ginn.
Och déi Leit, déi an den Hoteller sinn, goufe prioritär behandelt. Zur Zäit géife ronn 6 Haiser net kënne bewunnt ginn, dës sollen an de nächste Méint awer nees an en Zoustand gesat ginn, dass hei nees Leit kënnen dra wunnen.
Uganks d'nächst Joer wéisst een ewéi héich de genee Schued fir d'Gemeng ass. En dierft a Milliounenhéicht léien.
Grouss Hëllef koum virun allem vum CGDIS, der Arméi, an och de Bëschaarbechter.
Eng 400.000 Euro un Doe si bei der Gemeng Käerjeng erakomm.
„Et gëtt nach eng spannend Diskussioun, ewéi mer déi Suen verdeelen. Mir haten och schonn eng Versammlung mat der Caritas, der Croix-Rouge, eis Office-Sociauxe waren an där Diskussioun. Et stellt ee sech e puer prinzipiell Froen: gi mat deene Sue Saache bezuelt vu Leit, déi keng Assurance haten? Oder en Excedent vun den Assurancen? Déi éischt Reunioun vu virun 2 Wochen huet eis net erlaabt, do op e Schluss ze kommen. Mir mussen do nach op e Bilan vun den Assurancë waarden.“
D'Sue sollen transparent, ënner anerem vun eng Comité op der Gemeng, zesumme mat der Oppositioun verwalt ginn. Reegelméisseg Aktivitéit-Rapporte solle publizéiert ginn.
E groussen Undeel vun de Schied an der Gemeng Käerjeng solle vun den Assurancen iwwerholl ginn. Deemno wéi souguer bis zu 98%, mengt de Buergermeeschter.