Manktem un Dokteren zu Lëtzebuerg: D'Situatioun kéint sech an den nächste Jore verschlëmmeren, well d'Hallschent vun hinnen ass iwwer 55 Joer al.

Géint de Manktem un Doktere soll ënnert anerem e Bachelor hëllefen, ee Studium vun 3 Joer, an der Medezin vun nächstem Joer un.

De Professer Gilbert Massard, Direkter vum "Enseignement médical" op der Uni.lu, sot, hie géing hoffen, datt dat entspriechend Gesetz ufanks dës Joers gestëmmt gëtt. D’Uni wier op jidder Fall prett, fir de Studium unzebidden a souguer weider Spezialitéiten an d’A ze faassen.

D’Lëtzebuerger Associatioun vu Medizinstudente wëll méi wäit goen. De Frédéric Schwarz, President vun der ALEM, huet op en neits e Master gefuerdert. Op der Konferenz e Samschdeg de Moien um Belval goufe weider Revendikatioune formuléiert. Vum President vun der AMMD (Doktesch- an Zänndokteesch-Associatioun), den Alain Schmit, war et den Appell un d’Politik, fir d’Strukturen un d’Digitaliséierung an aner Technologien unzepassen.

De President vum Collège médical, de Pit Buchler, huet dofir plädéiert, datt déi ganz "Nomenclature" op de Leescht geholl gëtt. D’Tarifikatioun wier beispillsweis ganz héich fir gewëss technesch Akten, mä ganz geréng fir déi sougenannt "sprechende Medizin".

Bëssen enttäuscht war een um Belval, datt de Gesondheetsminister Etienne Schneider seng Präsenz kuerzfristeg ofgesot huet. Mä zefridden ass een am Milieu, datt hien eng Bestandsopnam gemaach huet, well déi lescht 5 Joer wier vill ewechgekuckt ginn.