
Wou sti mer a wou gi mer beim Thema Euthanasie a begleetem Suizid hin? Déi Fro gouf en Donneschdeg de Mëtteg op Ufro vun der LSAP am Kader vun enger Aktualitéitsstonn an der Chamber thematiséiert. D'Paulette Lenert huet dobäi gemengt, datt, och wann an der Vergaangenheet vill Rechter erkämpft gi wieren, dat net bedeite géing, datt et ëmmer nëmmen no vir geet. Dat géing een aktuell a Frankräich gesinn, wou de Senat e Mëttwoch eng Gesetzespropos zeréckgewisen huet, déi virdru vun der Assemblée Nationale ugeholl gi war. Zu Lëtzebuerg wier ee beim Thema Stierfhëllef zwar zimmlech wäit, mee och méi wéi 15 Joer no hirer Legaliséierung géing et nach Loft no uewe ginn, virop bei der Informatioun.
"Ëmmer rëm sinn d'Acteuren um Terrain domadder konfrontéiert, datt d'Leit net richteg verstinn, ëm wat et geet. Et ass een Thema, dat ee warscheinlech och verdrängt, wann een net wierklech dobäi gefouert gëtt. Et ass eppes, dat ëmmer rëm falsch verstane gëtt, et ass awer wichteg, datt d'Rechter fir d'Leit kloer sinn. D'Situatioun, déi et gëtt, ass, datt d'Leit och falsch Virstellungen hunn, datt se dann immens enttäuscht sinn, wann et sou wäit ass an dat eigentlech e bëssi anescht ass, wéi se sech dat geduecht hunn. Am Resultat ass dat dramatesch fir verschidde Leit, et ass eng Komplexitéit, déi dozou féiert, datt vill Leit hiert Recht guer net richteg afuerderen."
Wat d'Dokteren ugeet, hätten déi natierlech d'Recht, enger Persoun net ze hëllefen, hirem Liewen een Enn ze setzen. Mee et kéint awer net sinn, datt d'Leit eleng gelooss ginn. Wann een Dokter refuséiert, eng Persoun bei der Stierfhëllef ze begleeden, misst en déi Persoun un eng aner Ulafstell weider verweisen. Et misst een och doriwwer nodenken, ob ee Mannerjäregen d'Méiglechkeet op Stierfhëllef zougestoe sollt. Dat ass aktuell net de Fall.
Direkt vun e puer Riedner gouf d'Palliativmedezin als Alternativ zur Stierfhëllef ervirgehuewen a si hu gefuerdert, dës nach méi zougänglech ze maachen.
Net nëmmen, awer och fir deen Ënnerscheed méi kloer ze maachen, huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez eng besser Informatioun vun der breeder Ëffentlechkeet annoncéiert, notamment duerch eng iwwerschaffte Broschür. Mat Bléck op déi Mannerjäreg war et dës Ausso:
"Jo, am Accord de coalition steet, datt mer esou eng Struktur bauen. Déi Struktur ass amgaangen, geplangt ze ginn. Dat wäert eng Struktur sinn, déi stationär bei Omega 90 ugesidelt ass. Mee bis dohin, bis ee Mineur an eng stationär Struktur kënnt, brauche mer och do ee Reseau vu Soins palliatifs um Terrain, deen ee Parcours vum Kand, vum Jugendlechen opzeechent. An dee si mer amgaangen zesumme mam Service spécialisé vum CHL opzezeechnen."
Laut dem aachte Rapport vun der zoustänneger nationaler Kontroll- an Evaluatiounskommissioun gouf et 2023 an 2024 zesummen zu Lëtzebuerg 56 registréiert Fäll vu Stierfhëllef, déi alleguer konform mam Gesetz waren.