"Vivre, travailler et décider ensemble" mat deem Slogan léisst d’Asti säi 40 Joer aalt Bestoe Revue passéieren.

1979 war d’ASBL gegrënnt ginn, dat mam Haaptzil deemools vum Kommunalwalrecht fir Auslänner. Am Laf vun de Joren awer koumen eng Partie Projeten um Terrain dobäi. Et huet ee Pilotprojeten ausgeschafft a Propositioune fir d’Zesummeliewe presentéiert. Eng vun den nächste Prioritéiten dierft fir d’Asti een neit Gesetz fir d’Integratioun sinn. Dat leschte geet op 2008 zeréck. Ma zanterhier huet sech vill an eiser Gesellschaft verännert.

Wéi gesot huet sech och bannent der Asti vill gedoen, well ee mat der Entwécklung matgaangen ass.

D'Laura Zuccoli vun der Asti

D’Laura Zuccoli Presidentin vun der Associatioun erkläert: "D’Asti huet jo eng Rei Pilotprojeten entwéckelt, virun allem am Léiere vun der Sprooch an an der Praxis vun der Sprooch, well Lëtzebuerg jo... iwwerhaapt Sproochen zu Lëtzebuerg net esou einfach sinn ze praktizéieren. Mir hunn och ganz vill um Niveau vun de Gemenge geschafft, wou mir gutt Praxisse wollten identifizéieren. An d’Gemengen z’ënnerstëtzen, wéi een um lokale Niveau d’Zesummeliewe ka fërderen. Mir hunn och vill Propositioune gemaach, fir zum Beispill d’Participatioun. An deem Kader vun eisem 40. Anniversaire wäerte mir den 11. Dezember eng Konferenz maachen, wou mir präzis d’Beispill vun Ost-Belgie uschwätzen a kucken, ob dëse Modell fir Lëtzebuerg kéint interessant sinn."

Am Kader vum 40. Anniversaire ginn et awer nach vill aner Evenementer. Nieft 13 Konferenze sollen 2 TNS-Ilres-Sondagen d’Zesummeliewen ënnert d’Lupp huelen. An enger App, der IZI Travel, sollen d’Leit duerch d’Stad trëppelen an do 12 Plaze fannen, déi eng besonnesch Roll fir d’Migratioun gespillt hunn. All d’Detailer iwwert d’Evenementer fannt dir op asti.lu.