De gebiertegen Escher Marcel Mart war tëscht 1969 an 1977 Minister. E Freideg ass hien am Alter vun 92 Joer gestuerwen.

Eng Ikone vun de Liberalen zu Lëtzebuerg ass dout. De Marcel Mart war tëscht 1969 bis 1974 Minister fir Wirtschaft, Mëttelstand, Tourismus an Energie an der CSV-DP Regierung vum Pierre Werner an dem Eugène Schaus. A vun 1974-1977 an der Regierung Thorn-Vouel-Berg. E Liewen am Déngscht vum Land a vun Europa.

Nom Zweete Weltkrich huet de gebiertegen Escher, deen den 10. Mee 1927 an der Minettsmetropole gebuer gouf, Droit an Ekonomie zu Montpellier studéiert. De geléierten Affekot, deen vun 1953 bis 1956 um Barreau geschafft huet, war allerdéngs ganz fréi vum Beruff vum Journalist ugezunn an huet dofir eng ganz Rei Jore laang  - vun 1955 bis 1960 - fir déi éischt europäesch Noriichtenagence "Agence Europe" geschafft, säin éischte verdéifte Kontakt mat den europäeschen Institutiounen.

Vun 1960 bis 1964 war hien de stellvertriedende Porte-Parole vun der CECA, der europäescher Gemeinschaft fir Kuel a Stol. Bis 1966 war hien den Direkter vum Informatiounsbüro vun der Europäescher Gemeinschaft zu New York. Duerno a bis 1969 war hien de Chef vun der Unitéit "Informatioune fir Drëttlänner" bei der EG zu Bréissel.
De Marcel Mart huet sech politesch an der Demokratescher Partei engagéiert. Dat an de 70er Joren, eng ganz mouvementéiert Zäit fir Lëtzebuerg. No de gëllene Joren war d'Stolkris op d'Land era gebrach. D'Zäit vun der Vollbeschäftegung war eriwwer. Wierder wéi „division anti-crise“ koume grad sou gutt an de Lëtzebuerger Dictionnaire, wéi „Tripartite“. Déi jo bis Haut zum Kär, vun eisem soziale Model gehéiert.

A senger Funktioun als Transportminister huet de Marcel Mart net gezéckt onpopulär Decisiounen ze huelen. An de 70er Jore goufen ënner anerem Vitess-Limitatiounen agefouert, Stagë fir nei Chauffeuren, de Casque fir Motorrieder, de Sécherheetsgurt an d'Alkoholkontroll.
Dunn am Hierscht 1973 Pëtrolskris... D'Präisser un der Pompel explodéieren. Am November 73 gi Bensinsstatiounen zäitweis zou gemaach. D'Autofräi-Sonndeger ginn an d'Geschicht vum Land an. Eng Kris aus där e Projet gebuer gouf, deen nawell polariséiert huet. Eng Atomzentral sollt zu Rëmerschen, zesumme gebaut mat der Däitscher RWE, fir als Land ... a Punkto Energie, onofhängeg ze ginn. Den DP-Politiker huet dës bis op d'Lescht verdeedegt.

Aner grouss Gesellschaftsreformen, vum Scheedungs-Gesetz bis zur Liberaliséierung vum Avortement, goufen an där Zäit gestëmmt.
Enn 1977 trëtt de Marcel Mart aus der Regierung aus, a gëtt Member vum Europäesche Rechnungshaff. 1984 gëtt de geléierten Affekot wärend 5 Joer President vun där Cour des Comptes. Um Enn vun dem Mandat wiesselt de Marcel Mart 1990 op den Haff, wou e bis 1993 un der Säit vum Grand-Duc Jean, Hofmarschall ass. Iwwerdeems ass hien parallel an nach bis 1996 de President vun der Verwaltung vun de Biens vum Groussherzog.

Donieft war de Marcel Mart och President vum Verwaltungsrot vun der Foire tëscht 1994 an 2000 an vun der Banque Générale tëscht 1993 an 2006.

De Marcel Mart hannerléisst eng Fra, 2 Kanner an och 5 Enkelkanner.