Um 12 Auer geet et an der RTL-City lass. Fir all Kilometer, deen um Vëlo “zeréckgeluecht” gëtt, mécht d’RTL Grupp en Don vu 5 Euro. Dës Sue ginn integral un den Télévie.
De groussen Télévie-Dag kënnt dann och ëmmer méi no. Den 18. Abrëll nämlech schalte mer nees an déi verschiddensten Zenteren am Land, wou dat lescht Joer iwwer Sue fir de Kampf géint de Kriibs gesammelt gouf. Um Enn vum Owend fält dann nees de Bléck op de grousse Compteur, dee weist, wéi vill Euroen duerch den Télévie Lëtzebuerg gesammelt goufen an déi der Kriibsfuerschung ze gutt kommen. Weider Detailer fannt der um Site vum Télévie.