Punkt fir Punkt iwwer d'Mindestloun-DebattDen héchste Mindestloun an der EU stéisst bei de Logementspräisser u seng Grenzen

Pierre Jans
De Pierre Jans huet e puer Fakten iwwer d‘Mindestléin zesummegesicht.
Punkt fir Punkt iwwer Mindestloun-Debatt
De Pierre Jans huet e puer Fakten zesummegesicht.

D’Debatt iwwer den Niveau vun de Mindestléin ass voll am Gaangen. U sech misst och Lëtzebuerg d’EU-Direktiv fir besser Mindestléin schonn ëmgesat hunn.
Ma wéinst dem Sträit ëm d‘Kollektivvertragswiesen an déi grouss Pensiounsdebatt war déi Diskussioun e bëssen an den Hannergrond geréckelt.
D’Patronat an d’Gewerkschafte leie mat hire Fuerderungen wäit auserneen. D’Regierung muss tranchéieren. Ier mir elo den Aarbechtsminister Marc Spautz hei am Studio hunn, huet de Pierre Jans eis e puer Fakten iwwer d‘Mindestléin zu Lëtzebuerg zesummegesicht.

Zu Lëtzebuerg ginn et zwee verschidde Mindestléin. Wéi héich sinn déi?

Wann een déi fir jonk Leit déi awer scho schaffen net berécksiichtegt, ginn et effektiv zwou Zorten Mindestléin.
Et gëtt deen onqualifizéierten. Dee läit bei ronn 2.700 € brutto de Mount an dat steierfräi.
An dee qualifizéierten, deen een ebe gewéinlech kritt, wann een en Diplom respektiv e Brevet vun enger Léier an der Täsch huet. Heifir gëtt schonn iwwer 3200 Euro de Mount.

Lëtzebuerg huet deen héchste Mindestloun an Europa. Am Verglach mat eisen Nopeschlänner ass et ganz däitlech. An Däitschland sinn et bis zu 2.400 € bei 40 Stonnen schaffen.
An der Belsch: 2.000 €.
An a Frankräich: 1.823 € bei 35 Stonnen.

Allerdéngs ass Lëtzebuerg deier! A vill Leit hu kaum Suen an der Täsch, obwuel se schaffen an den “héije Mindestloun” kréien. Wa fir de Logement schonn 35 bis 45 % vum Salaire drop ginn, da bleift net méi vill iwwreg. Virun allem eben wann een am Verhältnis zu villen aneren am Land wéineg verdéngt.
Als Verglach: wann een ouni Qualifikatioun eng Plaz beim Staat huet, läit ee scho bei 3.600 € brutto. Mat enger Léier schonn iwwer 4.000 €.

Wéi vill Leit kréien zu Lëtzebuerg iwwerhaapt de Mindestloun?

Den Zuele vum STATEC no sinn et ronn 70.000 Salariéeën. 30.000 kréien de qualifizéierten. Eng 40.000 den net qualifizéierten.
Am Privatsecteur kréien tëscht 16 an 18 Prozent de Mindestloun.

Obwuel de Mindestloun zu Lëtzebuerg héich ass, misst e méi héich sinn, wann d‘EU-Direktiv ëmgesat gëtt.

D‘Direktiv recommandéiert, dass de Mindestloun entweder 50% vum Duerchschnëttsakommes soll entspriechen oder 60% vum Median. Median heescht jo d‘gëlle Mëtt, also e Wäert wou d‘Hallschent vun de Leit drënner an d‘Hallschent driwwer läit.
Mam Median an den Zuelen vum STATEC vun 2022 als Referenz, géif de Mindestloun an Zukunft bei 3.160 € leien.
Mat der Moyenne als Referenz a méi neien Zuelen vun Eurostat wieren et souguer nach méi Suen: bis zu 3.400 €. An net méi 2.700.
Bis elo huet den Aarbechtsminister de Median als Referenz favoriséiert. Do wär d‘Hausse net grad esou grouss.

D‘Patronat wëll iwwerhaapt keng Hausse. Virop eng Fuerderung vun der Handwierkerfederatioun hat d‘Debatt dës Woch jo richteg lassgetrëppelt.

D‘Handwierk ass mat iwwer 100.000 Leit de gréisste Patron am Land. Iwwer 20.000 Leit kréien de Mindestloun. D‘Federatioun mécht effektiv den Appell un d‘Regierung de Mindestloun net ze héijen an de qualifizéierten ofzeschafen.
De Romain Schmit, Generalsekrerär vun der Handwierkerfederatioun nennt e puer Argumenter. Hie betount, de Mindestloun wär an de leschte véier Joer schonn ëm 17 Prozent geklommen.
Déi héich Salairen am Finanzsecteur an am ëffentlechen Déngscht géingen d’Realitéit “verfälschen” a Median a Moyenne an d‘Luucht drécken.
D’Medianakommes am Bausecteur léich bei 4.200 € an am Horeca bei 3.300 €. Par Rapport zu deene Secteure géif den onqualifizéierte Mindestloun vun 2.700 € schonn 10 Prozent méi ewéi 60 Prozent vum Median entspriechen. A wann een hei de Mindestloun an d‘Luucht géif setzen, géif et an de Betriber rumoueren, well da Leit mat qualifizéiertem Mindestloun méi no un déi mat e bësse méi Salaire géifen eru réckelen. De Patron misst dann och deene méi ginn. Dat an Zäiten, wou den Drock op d‘Betriber scho grouss wär, kéinte si dat net stemmen.

D‘Gewerkschaften waren iwwer déi Fuerderung, de qualifizéierte Mindestloun ofzeschafen, natierlech net frou.

De Patrick Dury vum LCGB huet gemengt, d‘Revendicatioun géif och kee Sënn maachen. Et géif drëms goe jonk Leit fir eng Léier am Handwierk ze motivéieren an net de Contraire. Ëmmerhi sicht d‘Handwierk jo zanter Jore verzweiwelt no guddem Personal. Dat kënnt och net fir näischt schaffen.

D’Regierungsmemberen hu bis ewell och gesot, si hätten absolutt keng Pläng, de qualifizéiere Mindestloun ofzeschafen. D‘EU-Direktiv soll ëmgesat ginn.
Domat wären och d‘Gewerkschaften zefridden. Trotzdeem keng einfach Aufgab fir den Aarbechtsminister Marc Spautz.


Back to Top
CIM LOGO