
De fréieren Attaché à la direction vum Bouneweger Lycée technique sot dat am Prozess wéinst „Attentat aux moeurs en relation avec un mineur". Deem zanter September 2016 suspendéierte Proff gëtt ënnert anerem Viol vun engem Mannerjärege virgehäit. D'Affer waren deemools tëscht 15 a 17 Joer al.
D'Sëtzung vun en Dënschdeg war eng schwiereg, virun allem, well et zu engem aussergewéinlechen Tëschefall koum. Wéi de Beschëllegten nämlech zum Selbstmord vun deem Jong, op deen d'Enquête zréckgoung, sot, hie wär zesummegaangen, wéi hien dat héieren hätt, konnt sech d'Mamm vum Jong net méi zeréckhalen. An enger Mëschung aus Jäizkrämpchen a Klolidd huet si geruff, hie wär fir ëmmer fort. Hir Famill an den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire hu si aus dem Sall erausbrénge missen, fir dass si sech berouege géif.
Do virdrun hat den Ugekloten d'Faite bedauert: „De Gros ass meng Responsabilitéit. Et war am Ufank net einfach, déi ze gesinn! Et probéiert een ze retten, wat ze retten ass. Dat, wat den Enquêteur sot, stëmmt!", huet de Mann zum Deel ënner Tréinen zu Protokoll ginn. Et géif him immens leed doen, wat geschitt ass. Nom Echec vun zwou Bezéiunge wär hien op eng Internetplattform fir Homosexueller gaangen an hätt eppes gemaach, wat hien net hätt sollen. „Ech si frou, dass ech net pedophil sinn, well d'Limitte si gefall!", huet de Mann erkläert, dee beim Alter net vill Differenz gemaach hätt. Hien hätt vill Sex gehat mat Jonken a wär duerno aus dem Verkéier gezu ginn. Wéi hien aus dem Prisong erauskoum, hätt hie gehollef kritt a wär elo en anere Mënsch. Hien hätt säi Liewe geännert!
Um Ufank vun der Sëtzung hat e Psychiater ausgesot, den Ex-Enseignant hätt keng mental Kränkt a wär net pedophil. Allerdéngs wär ni eendeiteg gewiescht, wat seng Neigung zu Jugendlechen ugeet. Charakteristesch wär seng Ausso gewiescht, déi Mannerjäreg hätte kee grousse Schued dovu gedroen. Eng psychiatresch Behandlung wär net ze recommandéieren, mä eng psychotherapeutesch. De Mann wär awer strofrechtlech responsabel. Dëse Prozess dierft e Mëttwoch am Nomëtten op en Enn kommen.
RTL NEWS: Ex-Proff gëtt wéinst Viol u Mannerjäregem beschëllegt