CGDISVéier Blesséierter bei dräi Accidenter um Samschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moien huet de CGDIS dräi Accidenter gemellt, déi am Laf vum Samschdeg den Owend geschitt sinn.
Eng Ambulanz
© RTL-Archive

E Samschdeg den Owend war kuerz no 18:00 Auer an der Rue de Luxembourg zu Esch een Auto accidentéiert. Zwou Persoune goufe blesséiert. Am Asaz war de CIS Esch.

Kuerz drop hat et zu Keel an der Rue du Faubourg gerabbelt. Hei mellt de CGDIS beim Autosaccident ee Blesséierten. Op der Plaz war de CIS Keel an eng Ambulanz vun Diddeleng.

An da gouf et e Samschdeg den Owend um 22:15 Auer eng Chute vun engem Motorradsfuerer. Hie war op der RN27 tëscht der Boukelsser Millen an dem Heischtergronn gefall. Och dës Persoun gouf verwonnt. Hei huet sech de CIS Géisdref an eng Ambulanz vu Wolz ëm de Blesséierte gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO