Am Interview mam Caroline Mart huet de Xavier Bettel zeréckgekuckt op e Joer 2019, dat, vun Dateschutz bis Klimaschutz, mat Schicksalsschléi a Skandaler, net ëmmer einfach war.
Häerzstëllstand vum Félix Braz war ee vun de schwéierste Momenter
Aus Bettel-Schneider-Braz gëtt Bettel-Kersch-Bausch. D’lescht Woch huet d’LSAP hir nei Ekipp presentéiert, fir wann de Vize-, Wirtschafts- a Gesondheetsminister Etienne Schneider am Februar d’Regierung verléisst. Virun e puer Méint eréischt hunn déi Gréng sech nei opgestallt, nom Häerzstëllstand vum Vize-a Justizminister Félix Braz. Fir hie war den 22. August ee vun deene schwéierste Momenter am Joer 2019, sot e Mëttwoch de Xavier Bettel.
“Ech war deen Dag mam Här Braz senger Duechter sur place. Ech hunn dat bis elo net gesot. A mir hunn do materlieft, wéi mer net wossten, wéi et géif weider goen. Wou all Minutt eng Stonn gedauert huet a wou mer net wossten, ob de Félix Braz et géif iwwerliewen oder net. A fir mech war et dee schwéierste Moment, dat Waarden an Net-ze-Wëssen.” Datt et dem Félix Braz elo nees besser géing goe wier e Wonner, sot de Premierminister.
Net vill Verännerungen erwaart
De Xavier Bettel erwaart sech net vill Verännerungen doduerch, datt him geschwënn den Dan Kersch an de François Bausch als Vizepremieren zur Säit stinn: de Koalitiounsaccord géif de politesche Wee weisen.
Ee Punkt aus dësem Regierungsprogramm wäert net Realitéit ginn: déi nei Verfassung. De Premierminister bedauert, datt d’Verfassung aus “Postkutschenzäiten” elo nëmme Punkt fir Punkt reforméiert gëtt an d’Vollek net doriwwer ofstëmme wäert. Trotz schlechter Erfarung hätt hie keng Angscht viru Referenden.
“Ech muss zouginn, och e mea culpa, nach eng Kéier, anescht preparéieren, well deen éischte Referendum, mir waren do nach an der Euphorie an e war net gutt preparéiert mat de Leit - Ateliere schafen, Diskussioune schafen, an dass et dann dem Bierger seng Verantwortung gewiescht wier, fir elo ze soen ‘et ass en ze komplizéierte Sujet, fir d’Leit ze froen’, där Meenung sinn ech net. Also wéi gesot, deen eenzege Referendum, dee mer virgesinn hunn, deen hu mer vun der Oppositioun... ewech.”
Klimaschutz am Fokus vun der Oppositioun
Ee Punkt, bei deem d’Oppositioun d’lescht Joer net labber gelooss huet, war de Klimaschutz. Esouwuel dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun, wéi dem Finanzminister seng Budgetsried, goufe kritiséiert, well net genuch iwwert de Klimaschutz geschwat gouf. D’Regierung hätt awer am Klimaplang ambitiéis Ziler, wat de Klima- an Ëmweltschutz ugeet, sot e Mëttwoch den Owend de Xavier Bettel.
“Ech si jo net de Spezialist, mä de GIEC huet jo eis och wierklech bäibruecht, wéi eng Konsequenze mer wäerten an 20, 30 an esouguer virgezunn - virdrun ass ëmmer gesot ginn, wéi ass d’Äerd an 100 Joer oder a 50 Joer, elo ass schonn net méi 50, mä dann ass et a 40 Joer. An ech mengen, dass mer awer an engem Mode Auto-Destruction och waren déi lescht Zäit an dass et Zäit war, d’Handbrems ze zéien. Mä dofir, dir hutt mer d’Fro gestallt, dofir fir ganz kloer ze sinn. Jo, mir hu schonn ugefaangen, dat heescht, mir hu jo och scho verschidde Saache gemaach déi lescht Zäit, mä déi mer elo verstäerkt maachen”, sou nach de Premier.