Ee Camion war um Méindeg kuerz no 19 Auer op d'Enn vun engem Stau opgefuer an huet 2 aner Camionen an 2 Autoen openaner gedréckt.

All Hëllef fir d'Automobilisten an den 2 Autoe koum ze spéit. Den Accident ass a Richtung Gaasperecher Kräiz op der Héicht vun der Sortie Stroossen geschitt.

De Stau war entstane wéinst engem aneren Accident op der Héicht vun der Sortie Bartreng.

D'Autobunnspolice, d'Rettungsekippe vum CGDIS, de Parquet an de Miess- an Erkennungsdéngscht waren op der Plaz.

D'Autobunn war fir d'Opraumaarbechten an d'Enquête a Richtung Stad déi ganz Nuecht gespaart an ass géint 6 Auer en Dënschdeg de Moien nees opgaangen.

Update vun der Police um Dënschdeg am Nomëtteg

De Chauffer, deen den déidleche Verkéiersaccident op der Areler A6 soll provozéiert hunn, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Dat huet d'Police um Dënschdeg am spéiden Nomëtteg matgedeelt.

Bei deenen zwee Doudesaffer handelt et sech ëm Fraen. De Parquet huet eng Autopsie gefrot, fir hir Identitéit an den Oflaf vum Accident, ouni Zweiwel, kënnen ze klären.