Fir iwwert 1 Millioun Euro gouf am leschte Joer de Kamerasystem Visupol vun der Police an der Stad Lëtzebuerg ausgebaut.

Eng Investitioun an d'Sécherheet. Dat ass allefalls d'Argumentatioun dofir, dass elo iwwert 100 Kamerae ronderëm d'Gare, um Kierchbierg a ronderëm de Stadion hänken. Ma brénge se wierklech méi Sécherheet an d'Stad Lëtzebuerg?

Iwwerwaachungskamerae gehéieren haut zu eisem Alldag. Iwwerall fënnt ee se: op eise Stroossen, ronderëm Gebaier, op Tankstellen, am Bus oder am Tram. D'Iwwerwaachung duerch d'Technik ass allgéigewäerteg. Et huet ee sech mëttlerweil dru gewinnt. An et mierkt ee meeschtens guer net méi, wéi vill Kameraen eigentlech um Wee fir op d'Aarbecht oder bei sech doheem un der Mauer hänken.

Hei am Land kann d'Bildmaterial ganz ënnerschiddlech benotzt ginn. En Deel vun deenen, déi an der Stad am ëffentleche Beräich hänken, sinn un de System Visupol vun der Police ugeschloss. Hei ginn d'Biller vun de Kamerae vu Policebeamten direkt am Livestream iwwerwaacht. Domat solle virun allem Beräicher iwwerwaacht ginn, wou d'Policepresenz net staark genuch ass.

Eng méi staark Policepresenz um Terrain

A genau bei deene Kamerae vu Visupol gouf et ëmmer erëm Kritik. Et géif just zu enger Verlagerung vun der Kriminalitéit féieren, a Beräicher, wou keng Kamerae wieren. Dat géing da bedeiten, dass een ëmmer méi Kamerae misst ophänken. De fréiere Policeminister Etienne Schneider hat dowéinst och de System Visupol weider ausbaue gelooss. Esou, dass ugangs Oktober 2019 iwwer 100 Kameraen am System aktiv waren. Aktuell wéilt een de System awer net méi erweideren, seet de François Bausch, deen elo als neie Policeminister dofir verantwortlech ass. Et wéilt ee probéieren, esou vill wéi méiglech Polizisten op den Terrain ze bréngen. Dat wier nämlech vill méi effikass. Trotzdeem heescht dat net, dass elo keng nei Kamerae méi opgehaange ginn. Visupol ass just ee System, deen aktiv ass. Donieft kann all Entreprise oder staatlech Entitéit seng eege Kamera ophänken. Déi dierfen awer just d'Baussewand vun engem Gebai iwwerwaachen, an net direkt op d'Voie publique kucken.

Esou Installatioune musse vun Dateschutzkommissiounen erlaabt ginn, éier se ageschalt ginn. Fir esou eng Erlabnis ze kréien, muss ee ganz genau Reegelen anhalen. An deenen ass definéiert, wéi laang esou Biller dierfe gespäichert ginn a wie se kucken dierf.

Iwwer 146 Fäll wéinst Bildmaterial opgekläert

An iwwer 146 Fäll huet d'Bildmaterial am Joer 2019 dozou bäigedroen, eng Strofdot opzeklären. Dat bedeit awer net, dass d'Biller kruzial fir d'Verurteelung waren. Doriwwer ginn et keng belaaschtbar Zuelen. Eng englesch Etüd schwätzt dovun, dass dat just a ronn 1% vun de Fäll esou wier. Dowéinst soll de ganze System elo och genau iwwerpréift ginn. Wat awer noweisbar ass, dat ass, dass sech d'Kriminalitéit elo an déi Beräicher verlagert, wou keng Kamerae sinn. An do ass natierlech nach d'Fro vum Agrëff an d'Privatsphär. An dat gesäit de Sven Clement vun de Pirate ganz kritesch. Et misst ee sech d'Fro stellen, ob Kameraiwwerwaachung iwwerhaapt nach mam Dateschutz zesummen ze bréngen ass. D'Kamerae filmen nämlech jiddereen, egal, ob een e Verbrieche begaangen huet oder net.

Suerge Kamerae wierklech fir Sécherheet?

Déi permanent Kameraiwwerwaachung huet virun allem den Hannergrond, de Leit eng gefillte Sécherheet ze ginn. Mä ass déi wierklech do? Laang huet ee sech dodrop festgeluecht, dass et déi gëtt. Gepréift ginn ass et awer ni.

D'Stad London ass zu 98% kameraiwwerwaacht. Trotzdeem gesäit d'Statistik do net besser aus, wéi virun der Kameraiwwerwaachung. Offiziell Zuele beleeën esouguer, dass et hautdesdaags méi schlëmm ginn ass, an dat trotz Bildmaterial als Beweis.

Zum Schluss bleift also d'Fro op, wéi vill Sécherheet d'Kameraen an eiser Gesellschaft bréngen. Op d'mannst fir Lëtzebuerg kann een aktuell keng Ausso doriwwer maachen, well et weder Enquêten nach Zuelen doriwwer ginn.